uechter d'Joer: Honnertdausende vu Flüchtlingen (1,6 Millioune bis Enn Dezember) aus de Krisegebitter ronderëm d'Europäesch Unioun froen Asyl an enger Rëtsch vu Memberlänner (dovun 1 Millioun an Däitschland) un a stellen dës viru grouss Erausfuerderungen.
07. Januar: Bei engem Attentat op d'Redaktioun vun der franséischer satirescher Zeitung Charlie Hebdo zu Paräis kommen 12 Leit ëm d'Liewen. Deen Dag drop bréngt e Kompliz 3 Leit an engem jiddesche Supermarché ëm; hien, wéi och déi zwéin aner Attentäter, ginn am spéiden Nomëtte vun der Police erschoss.
11. Januar: 4 bis 5 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich ënner dem Slogan Je suis Charlie hiert Matgefill mat den Attentatsaffer a fir Meenungsfräiheet, et gëtt Dosende vu änleche Manifestatiounen uechter d'Welt.
25. Januar: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Griicheland kritt dem Alexis Tsipras seng Lénkspartei Syriza déi meescht Stëmmen; hie gëtt deen Dag drop als Premierminister an enger Koalitioun mat den nationalkonservativen Anexartiti Ellines vereedegt.
04. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Portugal bleift d'Mëtt-riets-Alianz Portugal à Frente vum Pedro Passos Coelho senger PSD an der CDS-PP déi Stäerkst, hat awer net d'Majoritéit am Parlament. Den 11. November entzéien d'Oppositiounsparteien als Lénksblock der Regierung d'Vertrauen, an de Coelho trëtt zeréck. De 25. November gëtt de António Costa zum neie Premierminister ernannt.
18. Oktober: Parlamentswalen an der Schwäiz; d'SVP an d'FDP gewanne Sëtz.
25. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Polen gewënnt d'Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), mat der Beata Szydło un der Spëtzt, d'absolut d'Majoritéit. D'Szydło gëtt de 16. November als nei Premierministesch vereedegt.
21. a 26. Januar: Mat enger Eenegung an der Chamber op zwou zukünfteg Verfassungsännerungen an engem Accord tëscht dem Staat a 6 Reliounsgemeinschafte gëtt d'Verhältnes tëscht Staat a Reliounen nei gereegelt.
07. Juni: Bei de Parlamentswalen a Mexiko krut d'Regierungspartei Partido Revolucionario Institucional vum President Enrique Peña Nieto déi meeschte Stëmmen.
25. Abrëll: Bei engem Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,8 am Himalaya, an e puer Nobiewen déi Deeg drop, kommen iwwer 8.600 Mënschen ëm d'Liewen, déi meescht am Nepal.
07. Juni: Bei der Parlamentswal an der Tierkei huet d'AKP-Partei vum President Erdoğan hir absolut Parlamentsmajoritéit verluer. Well et zu kenger Koalitioun koum, waren den 1. November Neiwalen, bei deenen d'AKP d'absolut Majoritéit erëmkrut.
10. Oktoberː Op d'mannst 102 Doudeger a ronn 500 Blesséierter bei engem duebele Bommenattentat an der tierkescher Haaptstad Ankara.
21. Mäerz: Dem Ministerpresident Benjamin Netanjahu seng Likud-Partei gewënnt d'Parlamentswalen an Israel. De 6. Mee kënnt et zu enger Koalitiounsregierung vu Likud an e puer méi klenge rietskonservativ-reliéise Parteien.
An der Nuecht op den 19. Abrëll geet e Schëff am Mëttelmier ënner, dat mat Flüchtlingen u Bord vu Libyen ënnerwee an Italie war; ëm déi 800 Leit stierwen, just 28 konnte gerett ginn.
24. September: Iwwer dausend Doudeger bei der Haddsch zu Mina, bei Mekka, wou et zu engem Mënschegewulls kënnt.
18. September: Déi amerikanesch Ëmweltagence beschëlegt Volkswagen wéinst enger 'Fuddelsoftware', déi Tester erkennt an dann d'NOx-Ofgase vu sengen Diesel-Motore kënschtlech niddreg léisst; Ufank vun der Dieselgate-Affär, déi sech jorelaang hinzitt an zu enger 25 Milliarden Euro u Strofen a Kompensatioune féiert.
31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 1:2 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[4]
09. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 0:0 géint Moldawien.[5]
14. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lwiw am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[6]
05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1:0 géint Mazedonien. De Sébastien Thill huet de Gol geschoss.[7]
08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Baryssau am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:2 géint Wäissrussland.[8]
09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[9]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:4 géint d'Slowakei. D''Goler fir Lëtzebuerg hunn de Mario Mutsch an de Lars Gerson geschoss.[10]
13. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[11]
17. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 0:2 géint Portugal.[12]