De Concours littéraire national 2015 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gouf. E goung 2015 ëm Gedichter.
Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis de 7. Juli 2015 hire Gedichstband areechen, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht sinn.[1]
Wéi virdru gouf et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al.
Den 1. Präis goung u Flots vum Florent Toniello, den 2. un die empfindlichkeit der libelle vun der Ulrike Bail an deen 3. Präis krut d'Carine Krecké fir Navigation Poems.[2]
Den éischte Präis an der Kategorie "Jugend" krut d'Anna Leader fir A Lifetime Lies: One Year's Worth of Poems.[2]
D'Präisiwwerreechung war den 1. Dezember 2015.