2017
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2017.
D'Joer 2017 huet op engem Sonndeg ugefaangen.
Evenementer
Europa
- 04. Januar: No de Parlamentswalen, den 11. Dezember zejoert, gëtt de Sorin Grindeanu neie Premierminister a Rumänien.
- 11. Januar: Als Resultat vun de virgezunne Parlamentswale vum viregten 29. Oktober gëtt de Bjarni Benediktsson neie Premierminister an Island.
- 12. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum neien däitsche Bundespresident gewielt, den 19. Mäerz trëtt hie säin Amt un.
- 15. Mäerz: Déi liberal Partei gewënnt fir d'drëtt hannereneen d'Parlamentswalen an Holland, wou ewell 13 Parteien an der Zweeter Kummer vertruede sinn.
- 2. Abrëll: Den Aleksandar Vučić, bis dohi Premierminister, gewënnt d'Presidentewalen a Serbien.
- 7. Mee: Den Emmanuel Macron (En marche !) gewënnt am zweeten Tour, mat 66 % zu 33 % géint d'Marine Le Pen (Front national), d'Presidentschaftswalen a Frankräich. Hien trëtt seng Funktioun de 14. Mee un.
- 15. Mee: Den Édouard Philippe gëtt neie Premierminister a Frankräich.
- 31. Mee: De Zoran Zaev gëtt neie Minsiterpresident vun der Republik Mazedonien.
- 03. Juni: Bei virgezunnene Parlamentswalen a Malta gewënnt dem Premierminister Joseph Muscat seng Labour Party d'Majoritéit vun de Sëtz.
- 05. Juni: D'Republik Mazedonien gëtt deen 29. NATO-Memberstaat.
- 08. Juni: Déi vun der Premierministesch Theresa May virgezunne Parlamentswalen am Vereenegte Kinnekräich féieren zu engem Verloscht vun der absolutter Majoritéit vun de Sëtz bei hirer Conservative Party. D'May gëtt de 26. Juni nei Regierungscheffin an enger Koalitioun mat der Nordirescher DUP.
- 11. an 18. Juni: Wale fir déi franséisch Nationalversammlung. La République en Marche kritt d'absolut Majoritéit vun de Sëtz; iwwer d'Hallschecht vun den ageschriwwene Wieler sinn net wiele gaangen.
- 14. Juni: De Leo Varadkar gëtt neie Premierminister (Taoiseach) an Irland.
- 18./ 25. Juni: D'sozialistesch Partei gewënnt d'Parlamentswalen an Albanien mat absolutter Majoritéit.
- 19. Juni: Praktesch ee Joer nom Referendum bei deem d'Majoritéit vun de brittesche Wieler fir den Austrëtt aus der EU gestëmmt hunn, kënnt et zu der éischter Verhandlungsronn tëscht dem EU-Chefnegociateur Michel Barnier an dem brittesche Brexit-Minister David Davis.
- 25. Juni: Den Edi Rama gëtt op en Neits Premierminister vun Albanien.
- 29. Juni: De Mihai Tudose gëtt zum neie Premierminister a Rumänie gewielt.
- 29. Juni: D'Ana Brnabić gëtt nei Premierministesch a Serbien.
- 09. September: De Ramush Haradinaj gëtt neie Ministerpresident am Kosovo.
- 11. September: Parlamentswalen an Norwegen.
- 24. September: Bei de Wale fir den Däitsche Bundestag gëtt d'CDU/CSU trotz staarke Verloschter mat knapps 33 % déi stäerkst Partei; d'SPD, déi och eng jett Sëtz verluer huet, kënnt op 20,5 %; d'AfD gëtt mat 12,6 % drëttstäerkst Partei, dono kommen d'FDP (10,7 %), Die Linke (9,2 %) a Bündnis 90/Die Grünen (8,9 %), déi all Stëmme gewonn hunn.
- 13. November: De Borut Pahor gëtt zum President vu Slowenien erëmgewielt..
- 30. November: Als Resultat vun de fréizäitegen Neiwalen an Island, den 28. Oktober, gëtt d'Katrín Jakobsdóttir nei Premierministesch.
- 11. Dezember: De Mateusz Morawiecki gëtt neie polnesche Ministerpresident.
- 13. Dezember an Tschechien gëtt, no de Parlamentswale vum 20./21. Oktober, de Geschäftsmann Andrej Babiš als neie Premierminister vereedegt.
- 18. Dezember: An Éisträich gëtt, als Resultat vun de Parlamentswale vum 15. Oktober, de Sebastian Kurz (ÖVP), un der Spëtzt vun enger Koalitiounsregierung mat der FPÖ, zum neie Bundeskanzler vereedegt.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
Nordamerika
Mëttel- a Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Lëtzebuerg
Ekonomie
- 1. September: De katareschen Investmentfong Precision Capital kënnegt un, seng 90 %-Bedeelegung un der BIL fir annerhallef Milliard Euro der chineesescher Legend Holdings ze verkafen.
Wëssenschaft & Technik
Sport
Gebuer
Gestuerwen
- 04. Januar: Georges Prêtre, franséischen Dirigent.
- 05. Januar: Klaus Wildbolz, Schwäizer Schauspiller.
- 07. Januar: Mário Soares, portugisesche Politiker.
- 08. Januar: Ruth Perry, liberianesch Politikerin.
- 08. Januar: Akbar Haschemi Rafsandschani, Staatspresident vum Iran.
- 08. Januar: Peter Sarstedt, brittesche Sänger a Songwriter.
- 10. Januar: Roman Herzog, däitsche Bundespresident.
- 13. Januar: Pierre Drauth, lëtzebuergesche Komponist an Organist.
- 13. Januar: Nic Daubenfeld, lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker (LSAP) an Historiker.
- 17. Januar: Heng Freylinger, lëtzebuergesche Ringer.
- 19. Januar: Loalwa Braz, brasilianesch Sängerin.
- 26. Januar: Bohdan Paczowski, polneschen Architekt.
- 26. Januar: Mike Connors, armeenesch-amerikanesche Filmschauspiller.
- 27. Januar: John Hurt, brittesche Schauspiller.
- 27. Januar: Emmanuelle Riva, franséisch Schauspillerin.
- 27. Januar: Paul Steffen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 08. Februar: Peter Mansfield, brittesche Physiker.
- 08. Februar: Jan Vansina, belschen Anthropolog an Historiker.
- 12. Februar: Al Jarreau, US-amerikaneschen Jazzsänger.
- 18. Februar: Jacques Dollar, lëtzebuergeschen Historiker, Sculpteur, Moler an Zeechner.
- 26. Februar: Bill Paxton, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Februar: Jean-Louis Le Goff, franséische Schauspiller.
- 03. Mäerz: René Préval, haitianesche Politiker a Staatspresident.
- 08. Mäerz: George A. Olah, US-amerikanesche Cheemiker.
- 17. Mäerz: Derek Walcott, lucianesch-britteschen Dichter a Schrëftsteller.
- 17. Mäerz: Robert Day, englesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Chuck Berry, US-amerikanesche Museker.
- 19. Mäerz: Roger Pingeon, franséische Vëlossportler.
- 23. Mäerz: Lola Albright, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 28. Mäerz: Christine Kaufmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin an Autorin.
- 30. Mäerz: Gilbert Baker, US-amerikanesche Kënschtler a Createur vum Reeboufändel.
- 31. Mäerz: James Rosenquist, US-amerikanesche Pop-Art-Kënschtler.
- 31. Mäerz: Stenia Zapalowska, polnesch-lëtzebuergesch Dänzerin.
- 05. Abrëll: Marion Hammang, lëtzebuergesch Kraaftsportlerin.
- 06. Abrëll: Jack Pinoteau, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 08. Abrëll: Aloyse Schiltz, lëtzebuergeschen Offizéier a Resistenzler
- 11. Abrëll: J. Geils, US-amerikanesche Museker.
- 12. Abrëll: Michael Ballhaus, däitsche Kameramann.
- 18. Abrëll: Yvonne Monlaur, franséisch Schauspillerin.
- 22. Abrëll: Gustavo Rojo, uruguayesche Schauspiller a Filmproduzent.
- 22. Abrëll: Michele Scarponi, italieenesche Vëlossportler.
- 26. Abrëll: Jonathan Demme, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Lorna Gray, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 01. Mee: Pierre Gaspard-Huit, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 03. Mee: Lukas Ammann, Schwäizer Schauspiller.
- 03. Mee: Daliah Lavi, israeelesch Schauspillerin a Schlagersängerin.
- 04. Mee: Victor Lanoux, franséische Schauspiller.
- 09. Mee: Robert Miles, Schwäizer Museker.
- 09. Mee: Michael Parks, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Mee: Emmanuèle Bernheim, franséisch Schrëftstellerin an Dréibuchautorin.
- 14. Mee: Powers Boothe, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Mee: Gunnar Möller, däitsche Schauspiller.
- 22. Mee: Roger Moore, brittesche Schauspiller.
- 26. Mee: Zbigniew Brzezinski, polnesch-amerikanesche Politikwëssenschaftler.
- 27. Mee: Gregg Allman, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 28. Mee: Maury Dexter, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 28. Mee: Jean-Marc Thibault, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 29. Mee: Konstantinos Mitsotakis, griichesche Politiker.
- 29. Mee: Manuel Noriega, panameseschen Offizéier a Politiker
- 02. Juni: Georges Thorn, lëtzebuergesche Jurist a President vum Staatsrot.
- 09. Juni: Adam West, US-amerikanesche Schauspiller.
- 13. Juni: Anita Pallenberg, däitsch Schauspillerin a Moudendesignerin.
- 16. Juni: John G. Avildsen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 16. Juni: Helmut Kohl, däitsche Politiker.
- 22. Juni: Gunter Gabriel, däitsche Sänger.
- 22. Juni: Quett Masire, Politiker a Staatspresident aus Botswana.
- 24. Juni: Victor Conzemius, lëtzebuergesche Kierchenhistoriker.
- 26. Juni: Habib Thiam, senegaleesesche Politiker.
- 27. Juni: Mikael Nyqvist, schweedesche Schauspiller.
- 29. Juni: Nadine Basile, franséisch Schauspillerin.
- 30. Juni: Simone Veil, franséisch Politikerin.
- 02. Juli: Chris Roberts, däitsche Schlagersänger.
- 03. Juli: Solvi Stübing, däitsch Schauspillerin.
- 04. Juli: Jeannot Belling, lëtzebuergesche Politiker.
- 05. Juli: Pierre Henry, franséische Komponist.
- 08. Juli: Elsa Martinelli, italieenesch Schauspillerin.
- 13. Juli: Liu Xiaobo, chineesesche Schrëftsteller an Dissident.
- 14. Juli: Anne Golon, franséisch Schrëftstellerin.
- 14. Juli: Maryam Mirzakhani, iranesch Mathematikerin.
- 15. Juli: Martin Landau, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Juli: George A. Romero, US-amerikanesche Regisseur.
- 17. Juli: Pierre Kraus, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Juli: Max Gallo, franséischen Auteur a Politiker.
- 20. Juli: Chester Bennington, US-amerikanesche Sänger.
- 20. Juli: Andrea Jürgens, däitsch Sängerin.
- 20. Juli: Claude Rich, franséische Schauspiller.
- 27. Juli: Jean-Paul Harpes, lëtzebuergesche Philosophie-Professer.
- 27. Juli: Sam Shepard, US-amerikanesche Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 31. Juli: Jean-Claude Bouillon, franséische Schauspiller.
- 31. Juli: Jeanne Moreau, franséisch Schauspillerin.
- 03. August: Ty Hardin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 03. August: Robert Hardy, englesche Schauspiller.
- 08. August: Glen Campbell, US-amerikanesche Sänger.
- 13. August: Joseph Bologna, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. August: Jacqueline Monsigny, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin, Schauspillerin an Televisiounsmoderateurin.
- 16. August: Wera Witaljewna Glagolewa, russesch Schauspillerin a Regisseurin.
- 16. August: Henri Regenwetter, lëtzebuergeschen Naturschützer.
- 20. August: Margot Hielscher, däitsch Sängerin a Schauspillerin.
- 20. August: Jerry Lewis, US-amerikanesche Schauspiller, Komiker, Filmregisseur a -produzent.
- 22. August: Alain Berbérian, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. August: Mireille Darc, franséisch Schauspillerin.
- 30. August: Károly Makk, ungaresche Filmregisseur an Dréibuchauteur
- 04. September: Gastone Moschin, italieenesche Filmschauspiller.
- 05. September: Nicolaas Bloembergen, hollännesch-US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 12. September: Heiner Geißler, däitsche Politiker.
- 13. September: Frank Vincent, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. September: Albert Speer, däitschen Urbanist an Architekt.
- 15. September: Harry Dean Stanton, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. September; Hugh Hefner, US-amerikaneschen Editeur.
- 28. September: Antonio Isasi-Isasmendi, spuenesche Filmregisseur.
- 29. September: Marcel Gérard, lëtzebuergesche Sproocheprofesser an Auteur.
- 02. Oktober: Tom Petty, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 05. Oktober: Anne Wiazemsky, franséisch Schauspillerin, Regisseurin a Schrëftstellerin.
- 08. Oktober: Nico Hienckes, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 09. Oktober: Jean Rochefort, franséische Schauspiller.
- 10. Oktober: Jean Malget, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Lokalhistoriker a Kierchenhistoriker.
- 18. Oktober: Danielle Darrieux, franséisch Schauspillerin.
- 19. Oktober: Umberto Lenzi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Oktober: Martin Linster, lëtzebuergesche Fotograf.
- 22. Oktober: Jean Werner, lëtzebuergesche Jurist a Botaniker.
- 22. Oktober: George Young, australesche Rockmuseker.
- 24. Oktober: Fats Domino, US-amerikanesche Sänger.
- 03. November: Abdur Rahman Biswas, 11. President vum Bangladesch.
- 05. November: Jeannine Theisen, lëtzebuergesch Radiosspeakerin.
- 06. November: Karin Dor, däitsch Schauspillerin.
- 07. November: Brad Harris, US-amerikanesche Bodybuilder a Schauspiller.
- 10. November: Ray Lovelock, italieenesche Schauspiller.
- 14. November: Jempy Schmitz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 15. November: Nadine Bichler, lëtzebuergesch Saxophonistin.
- 16. November: Luis Bacalov, argentinesche Filmkomponist.
- 16. November: Robert Hirsch, franséische Schauspiller.
- 16. November: Lil Peep, US-amerikanesche Rapper.
- 17. November: Salvatore Riina, italieenesche Kriminellen.
- 18. November: Azzedine Alaïa, tuneesesche Moudendesigner.
- 18. November: Malcolm Young, australesche Rockmuseker.
- 19. November: Jana Novotná, tschechesch Tennisspillerin.
- 19. November: Charles Manson, US-amerikanesche Kriminellen.
- 21. November: Peter Berling, däitsche Filmproduzent a Schauspiller.
- 21. November: David Cassidy, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 26. November: Georg Iggers, däitsch-amerikaneschen Historiker.
- 28. November: François Maroldt, lëtzebuergeschen Enseignant a Politiker.
- 30. November: Alain Jessua, franséische Filmregisseur a Schrëftsteller.
- 02. Dezember: Mundell Lowe, US-amerikaneschen Jazzgittarist an Arrangeur.
- 02. Dezember: Ulli Lommel, däitsche Schauspiller a Filmregisseur.
- 04. Dezember: Ali Abdullah Salih, jemenittesche Politiker.
- 05. Dezember: Jean d'Ormesson, franséischen Auteur a Journalist.
- 05. Dezember: Mihai I., leschte Kinnek vu Rumänien.
- 06. Dezember: Johnny Hallyday, franséische Rocksänger a Schauspiller.
- 07. Dezember: Philippe Maystadt, belsche Politiker.
- 11. Dezember: Suzanna Leigh, brittesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Lisa Berg, lëtzebuergesch Cellistin.
- 28. Dezember: Sue Grafton, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Frankräich vum 25. Mäerz 2017 op eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Cape Vert op der Websäit eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Albanien op der Websäit eu-football.info
- ↑ http://www.bbc.co.uk/sport/football/40225298
- ↑ Detailer vum Match Holland-Lëtzebuerg op der Websäit eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Wäissrussland op der Websäit eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Frankräich-Lëtzebuerg op der Websäit eu-football.info
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1083086.html
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/football/1083087.html
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg–Ungarn
|
|