Holland ass den europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi Iwwerséigebidder Curaçao, Sint Maarten an Aruba besteet. D'Iwwerséigebidder Bonaire, Saba a Sint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass mat Holland dacks - och hei - dat ganzt Kinnekräich gemengt.
Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vun Europa. Et ass am Norden a Weste vum Nordmier begrenzt, am Süde vun der Belsch an am Oste vun Däitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.
Geographie
Holland huet eng Fläch vun 41.543 km², dovunner 33.647 km² Land a 7.896 km² Waasser.[2]
Ongeféier d'Hallschent vum Land läit op enger Héicht vu manner wéi engem Meter iwwer dem Mieresspigel a ronn ee Véirel drënner. Déi flaach Gebidder ginn an der Reegel duerch Däicher virun de Stierm mat héije Wellen (Stuermfluten) geschützt. Zesummen hu si eng Längt vu ronn 3.000 km. Den héchste Punkt vum Festland, de Vaalserberg, ganz am Süden am Dräilännereck mat Däitschland an der Belsch, läit 322,50 m iwwer dem Amsterdamer Peegel.
Grouss Deeler vun Holland, wéi z. B. bal déi ganz Provënz Flevoland, goufen dem Mier ofgeknäppt an urbar gemaach. Dës nennt ee Polder oder Koog. Ongeféier ee Fënneftel vun der Landesfläch besteet aus Waasser. D'IJsselmeer mécht dovun de gréissten Deel aus; et ass eng fréier Bucht am Nordmier mam Numm Zuiderzee, déi 1932 mat engem 29 km laangen Däich agepoldert gouf.
Déi wichtegst Flëss an Holland sinn de Rhäin, de Waal (eigentlech een Aarm vum Rhäin), d'Meuse an d'Schelde. Si bilden zesummen ee risegen Delta a fléissen haaptsächlech an Ost-West-Richtung an d'Nordmier. De Rhäin an d'Meuse schneiden d'Land praktesch horizontal an zwéin ongläich Deeler.
Holland zielt mat ongeféier 429 Awunner pro Quadratkilometer zu den am dichtste besidelte Staate vun der Welt (als Vergläich: Nordrhein-Westfalen 530, Däitschland 231, Monaco 16.923, Namibia 2,4)[4]. Am Januar 2023 hat Holland 17.811.000 Awunner, dovun huet ongeféier d'Hallschent an der Randstad, dem dicht bevëlkerte Weste vum Land, gewunnt.
Hollännesch ass déi offiziell Sprooch am ganze Staat, och wann et an dëser Bezéiung keng gesetzlech Bestëmmunge gëtt. An der Provënz Frisland ass zousätzlech dat staark änlecht Westfrisescht d'Verwaltungssprooch.
Donieft gëtt et Dialekter. An den Iwwerséigebidder vun Holland (an der Karibik) ass Hollännesch déi offiziell Sprooch, nieft Papiamento oder Englesch. Eng vum Hollänneschen ofgeleet Sprooch ass d'Afrikaans a Südafrika.
D'Hollänner si statistesch gesinn déi gréisst Leit vun der Welt, mat engem Duerchschnëtt vun 1.83 m (Männer) a 1.72 m (Fraen).
Relioun
Déi wichtegst Relioune sinn, opgrond vu statistesche Fuerschunge vun der Zentral fir Statistik (2021):
Der Zuel vu Memberen no (Stand: 31.12.2005) sinn déi zwou gréisst Kierchen déi Réimesch-kathoulesch Kierch an Holland (4,4 Millioune Memberen, 27 % vun der Bevëlkerung) an d'Protestantesch Kierch an Holland (Protestantse Kerk in Nederland, PKN) (1,9 Millioune Memberen, 12 % vun der Bevëlkerung). Déi aner Kierche sinn däitlech méi kleng a stellen all manner wéi ee Prozent vun der ganzer Populatioun duer.
Bis an d'1960er Jore war d'Majoritéit vun der Bevëlkerung (55-60 %) protestantesch, wat hei virun allem calvinistesch bedeit. Eng grouss Minoritéit (bis 40 %) war kathoulesch. De Norden a Weste vum Land ass traditiounsgeméiss protestantesch, wärend am Süden an Osten d'Katholicken op der éischter Plaz sinn. An der Mëtt vum Land gëtt et de sougenannte Bijbelbelt (Bibelceinture) mat engem méi héijen Undeel vu strenggleewege Calvinisten.
Wirtschaft
Allgemenges
Holland huet e liberale Wirtschaftssystem, dee gutt funktionéiert. Zanter den 1980er Joren, sou gëtt allgemeng behaapt, huet d'Regierung manner an d'Wirtschaft agegraff. Et stëmmt awer datt d'Salariat sech op d'Awierkung vun der Regierung, a senge Lounfuerderungen zeréckgehalen huet. D'Aarbechtslosequot ass relativ kleng, allerdéngs gëtt et wéinst hirem System vun Aarbechtsonfäegkeetsversécherung eng net onbedeitend verstoppt Aarbechtslosegkeet.
Bei der industrieller Produktioun dominéieren d'Liewensmëttel- an d'cheemesch Industrie, d'Pëtrolsraffinerien]] an d'Produktioun vun elektreschen Apparater.
Laang viru sengen europäeschen Nopere war d'Land ëm en equilibréierte Budget beméit an huet mat Succès d'Stagnatioun um Aarbechtsmaart verhënnert.
Déi modern a staark technesch entwéckelt Landwirtschaft ass aussergewéinlech produktiv: nieft Weess-, Geméis-, Uebst- aSchnëttblummenubau - d'Tulpenziichterei huet souguer d'Geschicht vum Land beaflosst - gëtt d'Mëllech- an d'Véiwirtschaft staark bedriwwen. Si liwwert de Kéis, e wichtegt Exportprodukt vun Holland. Holland ass, no den USA a Frankräich, weltwäit den drëttgréissten Exportateur vu landwirtschaftleche Produkter.
Als Matgrënner vun der Euro-Zon huet Holland seng Wärung, de Gulden, den 1. Januar1999 an de Bankgeschäfter duerch den Euro ergänzt. Dräi Joer méi spéit, den 1. Januar 2002, koumen d'Euromënzen a -Schäiner an Ëmlaf.
Wann d'hollännesch klassesch Musek laang net de selwechten Niveau wéi an anere westlechen europäesche Länner erreecht huet, dann huet sech dach géint d'Enn vum 19. Joerhonnert an Holland e méi staarke Professionalismus duerchgesat a vill Orchesteren a Museksensemble sinn entstanen.
No der Opdeelung vum Frankeräich hunn déi "nidderech Länner" (niederen Lande) zum ostfränkesche Kinnekräich (Regnum Teutonicae) an duerno zum Hellege Réimesche Räich gehéiert. Ënner dem Keeser Karl V., dee gläichzäiteg spuenesche Kinnek war, gouf d'Land a siwwenzéng Provënzen opgespléckt an huet och déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg, mat Ausnam vum Fürstenbistum Léck, an Deeler vun Nordfrankräich a Westdäitschland abegraff. De 15./16. Juli 1572 koumen d'Vertrieder vun de meeschte Stied vum haitegen Holland zu Dordrecht (am Gebai „Het Hof“) zesummen an hunn hir Onofhängegkeet vu Spuenien decidéiert. Si hunn de Wëllem vun Oranien zu hirem Spriecher gemaach. No der definitiver Onofhängegkeetserklärung vun de siwen nërdleche Provënzen (Allianz vun Utrecht) vum 23. Januar1579 am Achtzegjärege Krich géint de spueneschen Habsburger, deen duerno koum, gouf déi formell Onofhängegkeet vu Spuenien am Fridde vu Münster de 15. Mee 1648 bekräftegt. Deen Datum gëtt als Gebuertsstonn vun Holland vun haut betruecht.
Duerno huet Holland oder („de nederen duitsche landen”) sech als Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen zu enger vun de gréisste Séi- a Wirtschaftsmuechte vum 17. Joerhonnert entwéckelt. An där Zäit goufe Kolonien an Handelspaarten op der ganzer Welt opgeriicht. Bekannt ass d'Grënnung vun Nei Amsterdam (Nieuw Amsterdam), dat spéider an "New York" ëmgedeeft ginn ass. An Asien hunn d'Hollänner hiert Kolonialräich Nidderlännesch-Indien (Nederlands-Indië) dat haitegt Indonesien, opgebaut, dat am Dezember 1949 onofhängeg ginn ass. Och am nordëstleche Südamerika (Surinam) an an der Karibik sinn Hollännesch Kolonien: Aruba, Bonaire, Curaçao, Saba, Sint Eustatius a Sint Maarten entstanen; déi Inselen, Aruba a d'Nidderlännesch Antillen (déi fënnef aner Inselen), bilden haut een autonomen Deel vun der hollännescher Monarchie. Dat ass de Grond, firwat dat hollännescht Kinnekräich („Koninkrijk der Nederlanden“) offiziell aus dräi Deeler besteet: Holland, Aruba an d'Hollännesch Antillen.
1796 gouf mat franséischer Hëllef d'Batavesch Republik (benannt nom germanesche Stamm vun de Bataver, deen dat Gebitt tëscht dem Rhäin an der Meuse fir d'éischt besidelt hat) gegrënnt. 1806 huet den Napoleon I. doraus d'Kinnekräich Holland gemaach, dat e sengem Brudder Louis, uvertraut huet. Ënner dem Kinnek Louis sinn eng Partie wichteg Reformen oder Innovatiounen an Holland agefouert ginn. Wéinst ë. a. der Kontinentalblockad, déi vun den Hollänner nëmme schwéier bis widderwëlleg agehale gouf, gouf Holland 1810 an dat franséischt Keeserräich integréiert an deemno direkt vum Napoleon regéiert.
Den hollännesche Kinnek war gläichzäiteg, als Prënz vun Oranien-Nassau, Groussherzog vu Lëtzebuerg, wou d'Lex Salica (no där keng weiblech Persoun op den Troun duerft kommen) gegollt huet. Wéi de Wëllem III. bei sengem Doud 1890 nëmmen eng Duechter (d'Kinnigin Wilhelmina) hannerlooss huet, ass de Lëtzebuerger Troun, nom Nassauer Familljepakt, un déi aner Linn am Haus Nassau, um Wëllem säi KosengAdolf vun Nassau iwwergaangen.
Am Éischte Weltkrich war Holland offiziell neutral. Seng Truppe blouwen awer bis zum Enn vum Krich mobiliséiert. Wéi dunn den Däitsche Keeser Wilhelm II. huet missen ofdanken, ass en an Holland an den Exil gaangen. D'Hollänner hunn en och net ausgeliwwert, wéi verschidde Staaten (z. B. Frankräich) hie wéinst Krichsverbrieche vun der däitscher Soldateska wollte viru Geriicht stellen.
Och am Zweete Weltkrich huet d'hollännesch Regierung am Ufank probéiert, sech neutral ze verhalen. Den Hitler ass awer an Holland agefall, fir Frankräich vum Norden aus z'iwwerfalen a sou d'Maginot-Linn z'ëmgoen. Nodeem d'hollännesch Arméi sech dräi Deeg laang gewiert hat, hunn déi däitsch Truppen de 14. Mee 1940 Holland gezwongen, opzeginn. Dat schrecklecht Bombardement vu Rotterdam an d'Drohung och grad sou mat dem zéi verdeedegten Utrecht ze verfueren, hat dofir den Ausschlag ginn. D'kinneklech Famill war an deem Moment schonn an England an den Exil gaangen. Vun do u blouf Holland vun der Wehrmacht besat. D'Nationaal-Socialistische Beweging (NSB) ënner dem Anton Adriaan Mussert huet mat den däitsche Besatzungstruppe kollaboréiert, huet awer kee signifikanten Aflooss erreecht, net bei der Bevëlkerung an och net bei de Besatzungsautoritéiten. Allerdéngs hate sech 60.000 Hollänner fräiwëlleg bei d'Waffen-SS gemellt, de stäerksten auslännesche Kontigent vun der Waffen-SS. No der däitscher Invasioun ass et mat der Juddeverfollgung lassgaangen. De Februarstreik 1941 géint d'Deportatioune gouf am Blutt ersoff. Vun den 160.000 Judden an Holland hunn der nëmmen 30.000 d'Enn vum Krich iwwerlieft. Symbol fir d'Juddeverfollgung ass de Fall vun der Anne Frank.
Den 11. Januar 1942 huet Japan d'hollännescht Ostindien (haut Indonesien) iwwerfall. D'Hollänner hunn den 1. Mäerz 1942 kapituléiert.
De südlechen Deel vun Holland gouf an der zweeter Hallschent vun 1944 vun den Alliéierten Truppen op hirem Virmarsch befreit; den Norde vum Land awer eréischt géint d'Krichsenn. Direkt no senger Befreiung vun der japanescher Besatzung (17. August 1945) huet dat hollännescht Ostindie sech onofhängeg erkläert a sech den Numm Indonesien ginn. D'hollännesch Truppen hunn zwar probéiert, dat ze verhënneren, hunn awer schliisslech de 27. Dezember 1949, no haarde Kämpf, Indonesien och formal an d'Onofhängegkeet entlooss.
Am Februar1953 huet eng Stuermflut de Südweste vun Holland iwwerschwemmt, 1800 Leit sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Holland ass och e Grënnungsmember vun der Benelux-Wirtschaftsunioun (zanter 1944 geplangt, den 3. Februar 1958 festgeluecht an den 1. November 1960 a Kraaft getrueden). 1980 ass d'Beatrix Kinnigin ginn, nodeem hir Mamm Juliana mat 71 Joer ofgedankt huet. Den 30. Abrëll2013 huet d'Beatrix ofgedankt. Hiere Bouf Willem-Alexander gouf neie Kinnek.