13. November
Den 13. November ass den 317. Dag (318. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
Sport
Katastrophen
- 1985: De Vulkan Nevado del Ruiz a Kolumbien ass ausgebrach. D'Gasen déi entstane sinn hunn en Deel vum Äis geschmolt; d'Waasser-an de Bulli hunn d'Stad Armero zerstéiert, 31.000 Doudeger.
- 2002: Virun der galicescher Küst havaréiert den Uelegtanker Prestige; duerch de Pëtrol, deen duerno ausleeft, gi grouss Deeler vun der spuenescher Atlantikküst verknascht.
Gebuer
-
Robert Louis Stevenson
-
Jean Seberg
- 1800: Julien Rémont, belschen Architekt.
- 1802: François Joseph Wirz, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1806: Emilia Plater, polnesch-litauesch Fräiheetskämpferin.
- 1850: Robert Louis Stevenson, schottesche Schrëftsteller.
- 1890: Emile Boeres, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 1907: Claude Heymann, e franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1908: Erik Bertil Holmberg, schweedeschen Astronom.
- 1909: Gunnar Björnstrand, schweedesche Schauspiller.
- 1914: Georgij N. Babakin, sowjetesche Raumfaartingenieur.
- 1920: Jack Elam, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1922: Oskar Werner, éisträichesche Schauspiller.
- 1923: Linda Christian, mexikanesch Schauspillerin.
- 1930: Adrienne Corri, schottesch Schauspillerin.
- 1930: Michel Robin, franséische Schauspiller.
- 1933: Karl-Otto Alberty, däitsche Schauspiller.
- 1934: Garry Marshall, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1935: Adolphe Deville, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1935: Léon Klares, lëtzebuergesche Kanut.
- 1937: Nelly Stein, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1938: Jean Seberg, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1938: Clay T. Whitehead, US-amerikanesche Geschäftsmann a Conseiller am Satellittewiesen.
- 1942: Remo Mannelli, lëtzebuergesche Fechter an Olympionik.
- 1957: Hermine Huntgeburth, däitsch Filmregisseurin.
- 1964: Denis Scuto, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1968: Claude Schmitz, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1989: Ben Polidori, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Gestuerwen
- 1509: Nicolas de Rutter, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Diplomat.
- 1779: Thomas Chippendale, englesche Konscht- a Miwwelschräiner.
- 1868: Gioacchino Rossini, italieenesche Komponist.
- 1931: Joseph-Alexandre Muller, lëtzebuergesche Komponist.
- 1974: Vittorio de Sica, italieenesche Schauspiller a Regisseur.
- 1977: Jean-Pierre Erpelding, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1986: Rudolf Schock, däitschen Tenorsänger.
- 1998: Edwige Feuillère, franséisch Schauspillerin.
- 2001: Babik Reinhardt, Jazz-Gittarist.
- 2008: Mitch Mitchell, englesche Batteur.
- 2013: Eugène Hanck, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 2013: Maurice Sarfati, franséische Schauspiller.
- 2019: Raymond Poulidor, franséische Cyclist.
Feierdeeg
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wales-Lëtzebuerg den 13. November 1991 op der Websäit vum European Football
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Griicheland vum 13. November 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ Lännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg op www.eu-football.info
|
|