2008
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2008.
D'Joer 2008 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer .
Evenementer
Europa
0 1. Januar : Malta an Zypern trieden der Eurozon bei a féieren den Euro als Wärung an.
0 5. Januar : De Micheil Saakaschwili gëtt bei virgezunne Presidentschaftswalen a Georgien erëmgewielt.
0 3. Februar : De Boris Tadić gëtt beim 2. Tour zu de Presidentschaftswalen a Serbien erëmgewielt.
15. Februar : De Václav Klaus gëtt zum President vun der Tschechescher Republik erëmgewielt.
17. Februar : De Kosovo deklaréiert seng Onofhängegkeet vu Serbien .
24. Februar : Den Demetris Christofias gewënnt beim Zweeten Tour fir d'Presidentschaftswalen an Zypern.
0 9. Mäerz : Zu Malta gewënnt d'Nationalistesch Partei vum Premier Lawrence Gonzi d'Parlamentswalen.
0 9. Mäerz: D'Spuenesch Sozialistesch Aarbechterpartei (PSOE) gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien .
20. Mäerz : Den Yves Leterme gëtt Premierminister an der Belsch .
14. Abrëll : D'Wal-Alliance Popolo de la Libertà , mat un hirer Spëtzt dem Silvio Berlusconi , gewënnt d'Parlamentswalen an Italien .
0 7. Mee : De Brian Cowen gëtt nom Récktrëtt vum Bertie Ahern Taoiseach (Premierminister) vun Irland .
0 7. Mee: De Silvio Berlusconi gëtt Premierminister vun Italien.
0 7. Mee: Den Dmitri Anatoljewitsch Medwedew gëtt 3. President vun der Russescher Federatioun .
0 8. Mee : De fréiere President Wladimir Putin gëtt Premierminister a Russland.
11. Mee : Parlamentswalen a Serbien .
0 1. Juni : Parlamentswalen a Mazedonien .
12. Juni : D'Ire soen an engem Referendum majoritär Neen zum Traité vu Lissabon .
17. Juni : Lëtzebuerg, d'Belsch an Holland ënnerschreiwen en neie Benelux -Traité.
0 7. August : Ufank vum Südossetien-Krich (2008) , andeems Georgien a Russland, no deeglaangem Gestëppels tëscht deenen zwou Säiten, eng militäresch Offensiv an der separatistescher Regioun Südossetien ufänken.
20. August : De Spanair-Fluch JK 5022 verongléckt beim Start um Fluchhafe vu Madrid -Barajas, 153 Leit kommen ëm d'Liewen.
26. August : Russland erkennt Südossetien an Abchasien als onofhängeg un.
22. September : D'Sozialdemokraten (SD) mat un der Spëtzt dem Borut Pahor gewannen d'Parlamentswalen a Slowenien .
28. September : Bei de Parlamentswalen ("Nationalratswahlen") an Éisträich verléieren d'SPÖ an d'ÖVP , déi virdrun eng grouss Koalitioun gestalt hunn, 10, resp. 15 Sëtz, a kommen op hirer 58, resp. 51, iwwerdeems d'FPÖ an d'BZÖ op zesumme 55 Sëtz kommen (2006: 28). Déi Gréng kréien 19 Sëtz.
25. November : Grönland stëmmt an engem Referendum mat 75 % Majoritéit fir eng méi grouss Autonomie vun Dänemark .
27. November : Den Andrius Kubilius gëtt Ministerpresident a Litauen .
0 2. Dezember : An Éisträich gëtt d'Regierung vum Werner Faymann , eng Grouss Kolitioun tëscht SPÖ an ÖVP, vereedegt.
22. Dezember : De Emil Boc gëtt Premierminister a Rumänien .
30. Dezember : Den Herman Van Rompuy gëtt belsche Premierminister, nodeem den Yves Leterme zeréckgetruede war.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
Barack Obama
USA
Mëttel- a Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
27. Dezember : Ufank vun der Operatioun Bläigoss , bei där, no e puer Deeg Loftattacken, d'israeelesch Arméi an d'Gaza-Sträif amarschéiert ass, fir d'Hamas fir Rakéitebeschëss ze 'bestrofen'.
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Film
Lëtzebuerg
Ekonomie
D'Joer iwwer: Finanzkris 2007/2008 .
0 2. Januar : Op der Termäinbourse zu New York gëtt d'Faass Réiueleg fir d'éischt Kéier iwwer 100 US-Dollar gehandelt.
0 7. September : D'US-Regierung iwwerhëlt d'Biergschaft fir d'Kreditter vun den zwou Hypothéikebanke Freddie Mac a Fannie Mae.
14. September : D'amerikanesch Bank Lehman Brothers geet faillite.
16. September : D'US-amerikanesch Regierung nationaliséiert d'Assurance-Gesellschaft American International Group , fir ze verhënneren, datt se faillite geet.
18. September : Merrill Lynch gëtt vun der Bank of America iwwerholl.
28. September : Fir d'Bank- an Assurancëgrupp Fortis virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen eng 49 prozenteg Participatioun an de jeeweilege Filiale vun der Grupp: D'Belsch mat 4,7 Milliarden Euro, d'Hollänner mat 4 Milliarden a Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden.
29. September : Fir d'Bank- an Assurancegrupp Dexia virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen d'Belsch federal a regional Regierungen eng Participatioun vun zesummen 3 Milliarden Euro, de Franséische Staat, via d'Caisse de Dépôts et de Consignations, eng vun och 3 Milliarden an d'Lëtzebuergesch Regierung eng vun 376 Milliounen Euro.
0 4. Oktober : D'hollännesch Regierung iwwerhëlt fir 16,8 Mrd. Euro de Rescht vun den Aktie vu Fortis.
0 6. Oktober : Déi franséisch BNP Paribas iwwerhëlt fir 14,5 Mrd. Euro 75 Prozent vum Grupp Fortis.
0 9. Oktober : An Island iwwerhëlt d'Finanzopsiichtsautoritéit d'Kontroll iwwer déi dräi gréisste Banken aus dem Land (Kaupthing Bank , Landsbanki a Glitnir ).
Wëssenschaft an Technik
Sport
Den F91 Diddeleng gëtt Champion am Foussball, den CS Gréiwemaacher gewënnt d'Coupe de Luxembourg.
30. Januar : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Riad 1:2 géint Saudi-Arabien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de René Peters geschoss.[ 1]
26. Mäerz : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Wales.[ 2]
27. Mee : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Kap Verde. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Fons Leweck geschoss.[ 3]
7. - 29. Juni : Foussball-Europameeschterschaft 2008 an Éisträich an an der Schwäiz.
8. - 24. August : Olympesch Summerspiller zu Peking .
20. August : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Mazedonien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Joël Kitenge geschoss.[ 4]
0 6. September : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010 , 0:3 géint Griicheland.[ 5]
10. September : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Zürich , am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 2:1 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeff Strasser a Fons Leweck geschoss.[ 6]
11. Oktober : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:3 géint Israel. De Gol fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters geschoss.[ 7]
15. Oktober : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[ 8]
19. November : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vum 100. Anniversaire vun der FLF , 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[ 9]
Gebuer
Gestuerwen
0 9. Januar : Charles Fehrenbach , franséischen Astronom a Member vun der Académie des sciences.
10. Januar : Marcel Lamboray , Direkter vun der Bourse zu Lëtzebuerg
11. Januar : Edmund Hillary , neiséilänneschen Alpinist.
14. Januar : Judah Folkman , US-amerikaneschen Zellbiolog a Medezinner.
17. Januar : Bobby Fischer , US-amerikanesche Schachweltmeeschter.
17. Januar: Yvan-Chrysostome Dolto , genannt Carlos , franséische Sänger.
19. Januar : Suzanne Pleshette , US-amerikanesch Schauspillerin.
22. Januar : Heath Ledger , australesche Schauspiller.
22. Januar: Martin Scheeck , lëtzebuergesche Postbeamten a Resistenzler.
27. Januar : Suharto , indoneesesche Generol a Staatschef.
29. Januar : Marcelle Lentz-Cornette , lëtzebuergesch Politikerin.
29. Januar: Claude Faraldo , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
0 4. Februar : José Ensch , lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
0 7. Februar : Andrew Bertie , Groussmeeschter vum Malteeseruerden.
0 8. Februar : Eva Dahlbeck , schweedesch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
0 9. Februar : Walter Bitterlich , éisträichesche Forstingenieur a Wëssenschaftler.
0 9. Februar: Baba Amte , indesche Mënscherechtler.
10. Februar : Inga Nielsen , dänesch Sopranistin.
10. Februar: Roy Scheider , US-amerikanesche Schauspiller.
10. Februar: Peter Marginter , éisträichesche Schrëftsteller.
11. Februar : Tom Lantos , amerikanesche Politiker.
13. Februar : Henri Salvador , franséische Sänger.
18. Februar : Alain Robbe-Grillet , franséische Schrëftsteller a Filmregisseur.
15. Februar : Steve Fossett , US-amerikaneschen Aventurier (offiziell fir dout deklaréiert; hie gouf zanter dem 3. September 2007 vermësst).
20. Februar : Osvaldo Civirani , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
23. Februar : Janez Drnovšek , sloweenesche Politiker a President.
27. Februar : Ivan Rebroff , däitsche Sänger.
18. Mäerz : Anthony Minghella , brittesche Filmregisseur.
19. Mäerz : Arthur C. Clarke , brittesche Science-fiction-Auteur.
19. Mäerz: Hugo Claus , belsche Schrëftsteller.
23. Mäerz : Geneviève Soria , franséisch Schauspillerin.
24. Mäerz : Richard Widmark , US-amerikanesche Schauspiller.
31. Mäerz : Jules Dassin , US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
0 2. Abrëll : Jacques Berthier , franséische Schauspiller.
0 5. Abrëll : Charlton Heston , US-amerikanesche Schauspiller.
0 9. Abrëll : Marcel Lentz , lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
0 9. Abrëll: Jacques Morel , franséische Schauspiller.
10. Abrëll : Johnny Flick , lëtzebuergesche Geowëssenschaftler a Sänger.
12. Abrëll : Dieter Eppler , däitsche Schauspiller.
15. Abrëll : Benoît Lamy , belsche Filmregisseur.
17. Abrëll : Aimé Césaire , franséische Schrëftsteller.
24. Abrëll : Werner Thärichen , däitsche Komponist a Perkussionist.
26. Abrëll : Denitza Krivova , lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
28. Abrëll : Georges Heisbourg , lëtzebuergeschen Diplomat an Auteur.
29. Abrëll : Albert Hofmann , Schwäizer Cheemiker.
0 3. Mee : Leopoldo Calvo Sotelo , spuenesche Politiker.
10. Mee : John Paul Wild , australeschen Astronom a Wëssenschaftsmanager.
12. Mee : Robert Rauschenberg , US-amerikanesche Konschtschafenden.
13. Mee : John Phillip Law , US-amerikanesche Schauspiller.
26. Mee : Sydney Pollack , US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller.
31. Mee : Bruno Balp , franséische Schauspiller.
0 1. Juni : Yves Saint Laurent , franséische Couturier.
0 2. Juni : Bo Diddley , US-amerikanesche Museker.
0 2. Juni: François Fejtö , franséischen Intellektuellen.
0 2. Juni: Mel Ferrer , US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
0 4. Juni : Bengt Westerlund , schweedeschen Astrophysiker.
0 7. Juni : Dino Risi , italieenesche Filmregisseur.
10. Juni : Tschingis Aitmatow , kirgiseschen Auteur an Diplomat.
16. Juni : Wera Frydtberg , däitsch Schauspillerin.
18. Juni : Jean Delannoy , franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
22. Juni : George Carlin , US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
24. Juni : Pinkas Braun , Schwäizer Schauspiller an Theaterregisseur.
27. Juni : Alex Bonn , lëtzebuergesche Jurist.
0 1. Juli : Jhemp Bertrand , lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
0 9. Juli : Joseph Grosbusch , lëtzebuergesche Moler.
13. Juli : Juliette Faber , franséisch Actrice mat Lëtzebuerger Originn.
13. Juli: Bronislaw Geremek , polnesche Politiker.
17. Juli : Johny Fonck , lëtzebuergesche Foussballspiller, Liichtathleet an Olympionik.
22. Juli : Paul Katow , lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
22. Juli: Marcello Baldi , italieenesche Filmregisseur.
23. Juli : Clay T. Whitehead , US-amerikanesche Geschäftsmann a Conseiller am Satellittewiesen.
26. Juli : Armando Bausch , lëtzebuergeschen Auteur, Journalist a Schlagersänger.
27. Juli : Youssef Chahine , egyptesche Filmregisseur.
?? August: Joseph Wenkin , lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker.
0 3. August : Alexander Soljenizyn , russesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
0 7. August : Andrea Pininfarina , italieeneschen Ingenieur.
0 8. August : Liliane Thorn-Petit , lëtzebuergesch Journalistin a Publizistin.
0 8. August: Fernand Meyssonnier , leschte franséische Schaarfriichter.
10. August : Isaac Hayes , US-amerikanesche Museker.
11. August : Fred Sinowatz , éisträichesche Politiker.
14. August : Roger Molitor , lëtzebuergesche Moler.
21. August : Henry Gelhausen , lëtzebuergeschen Auteur vu Satiren a Glossen.
21. August: Victor Heinen , lëtzebuergesche Foussballspiller.
0 1. September : Don LaFontaine , US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller.
10. September : Rolph Ketter , lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.
17. September : Marcel Coppin , lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
18. September : Florestano Vancini , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
19. September : Marcel Dierkens , belsch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
26. September : Paul Newman , US-amerikanesche Schauspiller.
28. September : Andrzej Szeptycki , polneschen Taxonomist.
0 5. Oktober : Leopoldo Elia , italieenesche Riichter a Politiker.
0 6. Oktober : Léopold Hoffmann , lëtzebuergesche Schrëftsteller.
0 6. Oktober: Michel Reuter , lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
11. Oktober : Jörg Haider , éisträichesche Politiker.
13. Oktober : Guillaume Depardieu , franséische Schauspiller.
20. Oktober : Marie-Madeleine Cinquin (Soeur Emmanuelle ), belsch Uerdensfra an Auteur.
25. Oktober : André Biren , lëtzebuergesche Galerist an Editeur.
0 1. November : Jacques Piccard , Schwäizer Erfinder a Mieresfuerscher.
0 4. November : Michael Crichton , US-amerikanesche Schrëftsteller.
10. November : Miriam Makeba , südafrikanesch Sängerin.
11. November : Alessandro Maggiolini , italieenesche Geeschtlechen a Bëschof.
13. November : Mitch Mitchell , englesche Batteur.
14. November : Zwetanka Christowa , bulgaresch Liichtathleetin.
15. November : Fons Bastijns , belsche Foussballspiller.
17. November : Denise Bindschedler-Robert , Schwäizer Juristin.
25. November : Edwin Salpeter , éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.
26. November : Christian Fechner , franséische Filmproduzent.
29. November : Jørn Utzon , däneschen Architekt.
0 5. Dezember : Nina Foch , US-amerikanesch-hollännesch Schauspillerin.
0 8. Dezember : Frank K. Edmondson , US-amerikaneschen Astronom.
12. Dezember : Van Johnson , US-amerikanesche Schauspiller.
12. Dezember: Jean-Claude Bercq , franéische Schauspiller a Cascadeur.
12. Dezember: Tassos Papadopoulos , zypriotesche Politiker.
13. Dezember : Christine Carère , franséisch Schauspillerin.
13. Dezember: Horst Tappert , däitsche Schauspiller.
16. Dezember : Roby Rausch , lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
22. Dezember : Lansana Conté , guinäesche Politiker a Staatspresident.
24. Dezember : Samuel Phillips Huntington , amerikanesche Politikwëssenschaftler
24. Dezember : Harold Pinter , engleschen Auteur a Literatur-Nobelpräisdréier 2005.
25. Dezember : Eartha Kitt , US-amerikanesch Jazzsängerin.
29. Dezember : Michel Vianey , franséische Journalist, Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
29. Dezember: Jupp Wagner , lëtzebuergesche Paschtouer.
Colette Probst-Wurth , lëtzebuergesch Keramikerin.
Um Spaweck
Referenzen
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Saudi-Arabien - Lëtzebuerg den 30. Januar 2008 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales de 26. Mäerz 2008 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kap Verde de 27. Mee 2008 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mazedonien den 20. August 2008 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland de 6. September 2008 op der Websäit vun European Football.info
↑ De Lännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel den 11. Oktober 2008 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Moldawien de 15. Oktober 2008 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. November 2008 op der Websäit vun European Football