De Percy Sledge, gebuer je no Quell de 25. November 1940 oder 1941 zu Leighton, an Alabama, a gestuerwen de 14. Abrëll 2015 zu Baton Rouge, a Louisiana, war en US-amerikanesche Rhythm and Blues- a Soul-Sänger.
Ier e Sänger gouf, hat hien als Infirmier geschafft.
Hie gouf 1966 international bekannt mat sengem Lidd When a Man Loves a Woman, sengem éischten Disk. Duerno koumen aner Lidder no wéi Warm and Tender Love, Take Time to Know Her, Cover Me, an, an den 1970er Joren, I’ll Be Your Everything a Sunshine.
Enn vun den 1980er Jore gouf When a Man... nees e grousse Succès duerch säin Asaz an enger Reklamm fir Jeans.
Singelen (Auswiel)
- When a Man Loves a Woman (1966)
- Warm and Tender Love (1966)
- It Tears Me Up (1966)
- Cover Me (1967)
- Take Time to Know Her (1968)
- My Special Prayer (1969)
Um Spaweck