De 34. Eurovision Song Contest war de 6. Mee 1989 an der Schwäiz. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Palais de Beaulieu zu Lausanne. Presentateure waren de Jacques Deschenaux an d'Lolita Morena.
Am Ganzen hunn 22 Länner matgemaach. Malta a Monaco waren net dobäi.
D'Vertriederin vun Frankräich, d'Nathalie Pâque, war nëmmen 11 Joer al an ee vun de Vertrieder vun Israel, de Gili nëmmen 12 Joer, wat zu schlechter Publicitéit gefouert huet. Dowéinst ass vun den Organisateuren decidéiert ginn, datt an Zukunft de minimalen Alter vun engem Participant 16 Joer muss sinn.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Lausanne matgedeelt ginn.
Eng weider Reegel ass agefouert gi fir am Fall wou et op der éischter Plaz e Gläichstand géif ginn. An deem Fall sollt gekuckt ginn, wien am dacksten 12 Punkte kritt huet, a wann et do e Gläichstand géif ginn, wien am dacksten 10 Punkte kritt huet.
Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Jugoslawien, d'Grupp Riva mat 7 Punkte Virsprong virun der Grupp Live Report (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Birthe Kjær, déi fir Dänemark ugetruede war.
Fir Jugoslawie war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.