SOFIA ass fir eng Betribsdauer vun 20 Joer ausgeluecht.
De Fliger gëtt vum NASA DAOF (Dryden Aircraft Operations Facility) zu Palmdale, Kalifornien bedriwwen. An dräi bis véier Nuechte pro Woch soll jee bis zu aacht Stonnen aus 12 bis 14 Kilometer Héicht observéiert ginn. Eemol am Joer soll SOFIA an Däitschland fir zwou Wochen um Fluchhafe Stuttgart stationéiert ginn. SOFIA léist säi Virgänger, de Kuiper Airborne Observatoire (KAO) of, dee vun 1974 bis 1995 am Asaz war. Infraroutteleskopen, déi op Fligere montéiert ginn, hu verschidde Virdeeler. Op enger Säit fléien si iwwer der Troposphär, déi e groussen Deel vun der Infraroutstralung absorbéiert. Anerersäits sinn d'Käschte fir den Ënnerhalt méi kleng, a verbessert Technik ka méi liicht nogerëscht ginn wéi an Teleskopsatellitten. Ausserdeem ass d'Betribsdauer fir fligermontéiert Teleskopen 20 Joer, am Géigesaz zu Teleskopsatellitten, bei deenen den Helium fir d'Killung no e puer Joer verbraucht ass.[1]
Den 21. Mee2007 gouf de Fliger als Clipper Lindbergh vum Erik Lindbergh (Kandskand vum Charles Lindbergh) gedeeft. D'Base vum Fliger gouf am Januar 2008 vum Dryden Flight Research Center op d'Dryden Aircraft Operations Facility zu Palmdale verluecht.[2]
Den éischten Testfluch mat oppener Teleskopdier war am Dezember 2009, an den éischten Testfluch mat Asaz vum Teleskop, dat sougenannt Éischt Liicht, de 26. Mee2010.[3],[4],[5]
Den éischte wëssenschaftlechen Observatiounsfluch gouf an der Nuecht vum 30. November op den 1. Dezember 2010 erfollegräich duerchgefouert. De SOFIA war vun der NASA Dryden Aircraft Operations Facility zu Palmdale a Kalifornien gestart an hat mat der Infraroutkamera (FORCAST – Faint Object InfraRed-CAmera for the SOFIA Telescope) Observatiounen an Héichte vun zirka 13 km gemaach.[6],[7] Observatiounszil war d'StärebildOrion.[8] Déi voll Funktiou ass fir 2014[9] geplangt; et sinn da ronn 160 Asätz mat ongeféier 1000 Observatiounsstonne pro Joer geplangt.
De Fliger
De Fliger ass eng Boeing 747SP, déi e méi kuerze Fluchkierper, eng méi grouss maximal Fluchhéicht an eng méi grouss Reechwäit wéi d'Boeing 747-100/200 huet. D'Boeing 747SP ka sou op 12–15 km Héicht fléien, an doduerch 99 % vum Waasserdamp entgoen, deen d'Oservatioune stéiert.[10] Déi ausgewielt Maschinn mam Kennzeechen N747NA hat de 25. Abrëll1977 als 306. gebaut B747 hiren éischte Fluch ofgeschloss a gouf kuerz drop un de Client d'PanAm ausgeliwwert. Am Mee 1977, zum 50. Joresdag vum éischten Elengfluch iwwer den Atlantik vum Charles Lindbergh, huet seng Wittfra d'Anne Morrow Lindbergh de Fliger op den Numm Clipper Lindbergh gedeeft. Am Februar 1986 huet d'United Airlines d'Maschinn iwwerholl, fir déi si bis Enn 1995 geflunn ass. D'NASA huet dann d'B747 am Joer 1997 kaf an huet zu Waco, am Texas mat den Ëmbauten an Testflich ugefaangen. Hanner dem lénkse Flillek gouf eng Dier an de Romp geschnidden, déi fir de Betrib opgemaach gëtt, fir d'Teleskop no uewe kuckenn ze loossen. D'Teleskopsektioun ass duerch en Drockschott vun der iwwereger Kabinn getrennt, an där nieft der dräikäppeger Cockpitcrew bis zu 15 Wëssenschaftler, Techniker an Observateure schaffen.
Den Teleskop
Am hënneschtem Deel vun der B747SP ass ee vun den däitschen Entreprisen MAN Technologie AG a Kayser-Threde gebauten Nasmyth-Teleskop agesat, konstruktiv eng Kombinatioun aus engem Newton-Teleskop an engem Cassegrain-Teleskop. Wéi bei dem leschte ginn d'Strale vum konvexe Sekundärspigel a Richtung Primärspigel reflektéiert, awer virum Erreeche mat engem drëtte flaach geschlaffene Spigel ëm 90° säitlech ofgeleet. De leschten Ofschnëtt vum Stralegank mam Brennpunkt (Nasmyth-Fokus) fält mat der Achseschréiegt vum Teleskop an der Längsachs vum Fliger zesummen an ass dofir stationär. Sou kënnen déi empfaange Stralen en ettlech hannereneen opgereit Moossinstrumenter duerchlafen. Fir d'Astellung vun der richteger Rektaszensioun suergt haaptsächlech den entspriechende Steierkurs vun der Boeing.
D'Asazhéicht iwwer der Troposphär an e Spektralberäich vum Teleskop vun 0,3 µm bis 1600 µm[11] erméiglechen Observatiounen an engem wäiten Infraroutberäich, dee fir buedemgebonnen Observatoiren duerch Absorptiounen haaptsächlech duerch de Waasserdamp an der Troposphär nëmmen ausschnëttsweis an derInfraroutfënster zougänglech ass.
Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 270 Zentimeter an eng – duerch d'Obstruktioun vun den zwéi klenge Spigelen – effektiv Ëffnung vun 250 Zentimeter. Dat mat Kader, Lager an Zousazinstrumenter ronn 17 Tonne schwéiert Teleskop gouf am Februar 2004 installéiert an an der Nuecht vum 19. August2004 fir d'éischt op den Himmel geriicht. De Fliger blouf allerdéngs do nach um Buedem.
Wendy Whiting-Dolci: Milestones in Airborne Astronomy: From the 1920's to the Present. AIAA,World Aviation Congress, Anaheim 1997 online (PDF; 3MB - ofgeruff den 30. Mäerz2009)