De Louis François de Boufflers, gebuer zu Cagny den 10. Januar 1644, a gestuerwen zu Fontainebleau, den 22. August 1711, war e franséischen Offizéier, a Maréchal de France.
Hie war eng Zäit laang Kommandant vun der Zitadell Namur an no him gouf e System vun ënnerierdesche Galerieen, d'Galeries de Boufflers an där Festung genannt.
Vum 10. August 1686 bis Juli 1687 war hie Gouverneur vu Lëtzebuerg.