|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Den Émile Konter, gebuer de 25. Februar 1911 zu Athus, a gestuerwen den 28. Juli 1973 zu Ettelbréck,[1] war e lëtzebuergesche Boxer.
Als Jugendleche war hien een aktiven Turner an der Société de Gymnastique L'Avant-Garde Rodange. 1929 huet hie mam Boxen am deemolege Boxveräin Boxing-Club Déifferdéng ugefaangen. Ufanks 1932 ass hie scho Profi ginn an huet ënner dem fréiere franséische Profiboxer Louis de Ponthieu zu Paräis trainéiert.
Hien huet an der Hallef-Schwéiergewiicht Klass (76,2-79,4 kg) geboxt an ass international bekannt ginn. Seng gréisst Erausfuerderung war de Boxmatch géint den Adolph Heuser den 21. Juni 1935 am Sportpalast zu Berlin, e Match, deen hien duerch KO verluer huet. Am Zweete Weltkrich gouf den Émile Konter Turnstonnen am Dikrecher Kolléisch. 1947 huet hien de Café Central zu Iechternach iwwerholl.
Matcher
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Frëndlecherweis matgedeelt vum Bureau de la Population vun der Stad Iechternach