Théodore Kapp

Théodore Kapp
Gebuer 10. Dezember 1881
Uesweller
Gestuerwen 25. Februar 1965
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Politiker

Den Théodore Kapp, gebuer den 10. Dezember 1881 zu Uesweller, a gestuerwen de 25. Februar 1965 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Enseignant a Lokalpolitiker.[1]

Liewen

Den Théodore Kapp huet en Doktorat an der Philosophie an an der Literatur gemaach a gouf 1909 zum Professer an der Escher Industrie- an Handelsschoul ernannt. Vun 1910 bis 1911 huet hien och am nei gegrënnte Meedercherslycée enseignéiert. 1912 war hie Matgrënner, zesumme mam Victor Wilhelm a mam Nicolas Nickels, vun enger Kooperativ fir Aarbechter an Beamten. Dës huet awer 1914 Faillite gemaach.

De 4. Abrëll 1917 gouf den Théodore Kapp eng éischt Kéier an den Escher Gemengerot gewielt, wou e bis 1919 Member blouf.

1932 gouf hien zum Direkter vum Meedercherslycée ernannt an hat déi Fonctioun bis 1941, wéi en duerch en däitschen Oberstudienrat ersat gouf, an dann nees vun der Liberatioun bis zu senger Pensionéierung, 1946.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 19. Dezember 1969 decidéiert, eng Strooss am Quartier Wobrécken, beim nei gebaute Gebai vum Meedercherslycée, no him ze nennen (Koordinaten: 49° 30’ 12.3’’ N 05° 58’ 38.5’’ O).

Um Spaweck

Referenzen

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.116.

Strategi Solo vs Squad di Free Fire: Cara Menang Mudah!