De Space Shuttle (englesch fir Raumfär), kuerz Shuttle, ass e Raumfärentyp, dee vun der US-Raumfaartadministratioun NASA entwéckelt gouf.[4] D'Komponente sinn nieft der Raumfär (Orbiter) en externen Dreifstofftank an zwou Feststoffrakéiten. De ganze System bezeechent een als Space Transportation System, kuerz STS. Fachlech gëtt nëmmen den Orbiter als Space Shuttle bezeechent.
De Shuttle ass aus dem Versuch erausgaangen, e Raumgefier ze bauen, dat méi wéi eemol konnt gebraucht ginn. Dat sollt d'Onkäschte géintiwwer deene bis dohi gebrauchte Rakéiten drécken. Beim ale System sinn all Rakéitestufen nëmmen eemol gebraucht ginn. Déi Erspuernesser konnten zwar net erreecht ginn. E Shuttlestart kascht an der Tëschenzäit knapps eng hallef Milliard Dollar, ongeféier fënnefmol sou vill wéi e Start mat enger onbemannter Eeweerakéit mat der selwechter Notzlaaschtkapazitéit an ass an der Lescht bis op gutt eng Milliard Dollar geklommen.[5]
D'Raumfär ka gläichzäiteg 24,5 Tonnen Notzlaascht souwéi 7 Astronauten an eng niddreg Äerdëmlafbunn (tëscht ongeféier 200 a 650 Kilometer Bunnhéicht) bréngen. Zudeem ass de Shuttle mat Hëllef vun Andockadaptere fäeg, un enger Raumstatioun (haut ISS, fréier Mir) unzedocken. Duerch seng Fäegkeet zum gläichzäitegen Transport vu Mannschaft a Fracht ass de Shuttle villsäiteg ze gebrauchen, beispillsweis kënne Satellitte reparéiert oder op d'Äerd zeréckbruecht, oder den Opbau an d'Versuergung vun enger Raumstatioun ënnerstëtzt ginn.
Zanter dem leschten Apollo-Fluch am Joer 1975 ass de Shuttle déi eenzeg Méiglechkeet vun den USA, mat eegene Mëttele Mënschen an de Weltraum ze bréngen. Den éischte Fluch vum System war am Joer 1981, zanterhier goufen iwwer 130 Flich gemaach, woubäi et zweemol zu fatalen Accidenter koum, bei deenen all Kéier 7 Astronauten ëm d'Liewe koumen. Zu de wichtegsten Erfolleger gehéieren d'Aussetze vu verschiddene Raumsonde souwéi vum Hubble-Weltraumteleskop, verschidde Flich mat agebaute Laboratoiren, Flich bei d'russesch Mir-Statioun souwéi bei d'International Raumstatioun (ISS). Am Ganze goufe fënnef raumfluchfäeg Orbiter gebaut, vun deenen no Ausserdéngschtstellung, de Space Shuttle „Atlantis“ den 8. Juli2011 fir d'lescht gestart ass.
[6] Als Nofollger ass d'MPCV-Raumschëff an Entwécklung, dat méiglecherweis vun 2016 un asazbereet ass.
Raumfluchfäeg Orbiter
Zanter dem Ufank vun de Shuttle-Flich am Joer 1981 waren am Ganze fënnef verschidde Space Shuttlen an de Weltraum geflunn. Dovu ware bis zu der Astellung vum Programm am Joer 2011 nach dräi Stéck (Discovery, Atlantis an Endeavour) am Asaz. Zwéi Space Shuttlen (Columbia an Challenger) goufe bei Onglécker an de Joren 1986 an 2003 zerstéiert.
Éischte raumfluchfäegen Orbiter. Zerstéiert duerch eng futtis Hëtzschëldverkleedung beim Neesantrëtt an d'Armosphär den 1. Februar2003. Siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen.
Das Buch: o.A.Space Shuttle, Prepared by LYNDON B. JOHNSON SPACE CENTER, Scientific and Technical Information Office National Aeronautics and Space Administration, Washington, D.C. 1976, NASA-SP-407, bei NASA History Online (engl.).
Das Buch: Howard Allaway Space Shuttle At Work, Scientific and Technical Information Office National Aeronautics and Space Administration, Washington, D.C. 1979, NASA-SP-432/NASA-EP-156, bei NASA History Online (engl.) und als 174 MB großes PDF vom NASA Technical Reports Server.