D'Rockhal, offiziell Centre de musiques amplifiées, ass e Gebai um Belval zu Esch-Uelzecht, dat vum Établissement publicCentre de musiques amplifiées geféiert gëtt[1]. Et war dat éischt neit Gebai, dat op der Industrie-Friche vun Esch-Belval gebaut gouf.
D'Rockhal besteet aus 4 Deeler:
dem Grousse Sall mat enger maximaler Publikumscapacitéit vu 6500 Stéiplazen oder 2800 Sëtzplazen op enger Fläch vun 2625 m²;
dem Klenge Sall (Club) mat enger maximaler Publikumscapacitéit vun 1200 Stéiplazen op enger Fläch vu 560 m²;
enger Brasserie, dem Rockhalcafé, wou och méi kleng Concerte kënnen ofgehale ginn;
engem Centre de ressources mat 6 Proufraim, engem Studio an enger Mediathéik fir Museker oder Museksgruppen. Dëse gouf 2015 a Rocklab ëmgenannt.
An den éischte fënnef Joer zanter se op ass, goufen an der Rockhal 550 ëffentlech Evenementer organiséiert an et sinn iwwer 500.000 Leit do passéiert.[3] No 10 Joer louch d'Zuel vun de Concerte bei iwwer 1500, an d'Gesamtzuel vun de Leit, déi do e Concert lauschtere waren, bei annerhallwer Millioun.[4].
Administratioun
D'Rockhal gëtt vun engem Verwaltungsrot vun néng Membere geréiert. Véier Membere vertrieden de ministère de tutelle, deem d'Rockhal ënnersteet, een de Budgetsministère an een d'Stad Esch-Uelzecht. Dräi Membere sinn aus der Zivilgesellschaft; et muss sech ëm Perséinlechkeeten handelen, déi kompetent sinn am Kulturellen an an der Gestioun vun Entreprisen[5].