De Pôle d'échange Pont Rouge[1] (oder Pôle d'échange Rout Bréck) ass e Pôle d'échange an de Quartiere Pafendall a Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, dee follgend Transportinfrastrukture begräift:
Lag vum Pôle d'échange
De westlechsten Deel vum Pôle d'échange ass d'Koppel Bushalte Pfaffenthal, Halte CFL am Descherwee am Pafendall, op enger Héicht vun 243 m. Vun do aus geet et iwwer eng Trap oder mam Lift an d'CFL Gare op 254 m. an en Niveau méi héich ass d'Dallstatioun vum Funiculaire op 271 m. D'Biergstatioun dovu läit op 310 m.
Direkt baussenzeg vum Funiculairesgebai läit d'Tramsstatioun mat engem zentrale Quai, vu wou aus een och bei d'Bushalte Rout Bréck - Pafendall béidsäiteg op der Avenue John F. Kenendy kënnt.
Infrastruktur
Bikeboxen an ëffentlech Toilettë gëtt et souwuel am Pafendall wéi och um Kierchbierg. An der Funiculairesgare ass nieft dem Guichet vum Iwwerwaachungspersonal och eng Cafeteria („Lunchtime“) amenagéiert.
Eng Vel'oH!-Statioun besteet um Kierchbierg um westleche Wupp vun der Tramsstatioun.
Biller
-
D'Bushalte Pfaffenthal, Halte CFL mam Accès fir an d'Gare a bei de Funiculaire
-
Vue op d'Gleiser an der Gare
-
D'ënnescht Statioun vum Funiculaire
-
D'Biergstatioun vum Funiculaire mat der VëloH-Statioun
-
D'Tramsstatioun
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Numm wéi op der « Carte des centralités principales », Annex vum Nationale Mobilitéitsplang (PNM 2035, plan national de mobilité) vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics