De Patrick Dury, gebuer den 20. Abrëll 1965 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler. Hien ass zanter dem 18. November 2011 President vum LCGB.[1]
Tëscht 1989 an 1998 huet hien an der Produktiounsiwwerwaachung bei Luxguard an am Walzwierk op Arbed-Schëffleng geschafft.
Zanterhier war hie Gewerkschaftssekretär, gouf du Generalsekretär a schliisslech Nationalpresident vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond.
Ier e Generalsekretär gouf, war hien zoustänneg fir d'Fédération des banques et assurance (LCGB-FEBA), d'ALPL (Association Luxembourgeoises des Pilotes de Ligne et des sociétés de l'aéroport) an den LCGB-SESM.
Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.
Gielercher
Referenzen
- ↑ Source vun den Informatiounen an dësem Artikel, wou net anescht uginn: lcgb.lu/fr/collaborateurs
- ↑ (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.