D'Nelly Wies-Weyrich, gebuer als Catharina Cornelie Weyrich[1] den 10. Mee 1933 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Juli 2019[2], war eng lëtzebuergesch Sportlerin am Bouschéissen an Olympionickin.[3]
Karriär
D'Nelly Weyrich ass relativ spéit, eréischt mat 30 Joer, bei d'Bouschéisse komm, wéi se Member an der Flèche d'or gouf, de Club an deem hire Mann François Wies aktiv war.
An hirer Karriär war si aachtmol Landesmeeschterin an huet Lëtzebuerg 1972 op den Olympesche Spiller zu Münche vertrueden.[4] Si war deemools déi eenzeg Fra an der Lëtzebuerger Delegatioun. Mat 2.252 Réng koum si ënner 40 Konkurrentinnen aus 21 Natiounen op d'Plaz 24.
Am selwechte Joer war si Sportlerin vum Joer.
Literatur
- Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 96-97. ISBN 978-2-9599734-5-1
Kuckt och
Referenzen
- ↑ (de)Zivilstand von Groß-Luxemburg. Luxemburger Wort, 1933. Jg., nº 160, p. 10 (09.06.1933). Gekuckt de(n) 19.07.2024.
- ↑ Doudesannonce op gedenken.lu.
- ↑ D'Nelly Wies op der Websäit sports-reference.com
- ↑ D'Nelly Wies op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'