Hien huet seng Musekercarrière an enger Band mat ë. a. sengem Brudder Eddie ugefaangen. Duerno huet den Nat Cole sech dozou decidéiert, als Pianist zu Los Angeles ze bleiwen. 1939 huet hie mat anere Museker den Nat-King-Cole-Trio gegrënnt, woumat e séier grousse Succès hat. 1943 huet de Cole nieft dem Pianospill och gesongen. 1946 hat de "King" Cole säin éischten Nummer-1-Hit mat "(I Love You) For Sentimental Reasons", an 1948 hat en international Succès mat senger Opnam vun "Nature Boy".
An den 1950er Joren huet e bekannt Stécker wéi "Frosty the Snowman", "Too Young", "Funny (Not Much)", "Mona Lisa", "Can't I" oder "Say 'Si Si'" gesongen. Vun 1955 war et mam Trio eriwwer, an hien huet eng Solo-Karriär ugefaangen. Hien huet sech ëmmer méi op d'Sange konzentréiert, och a Richtung Pop, an huet ënner Pseudonym (Eddie Laguna, Shorty Nadine, Sam Schmaltz) mat Jazz-Museker wéi Buddy Rich a Lester Young Placken opgeholl.
Hien hat zanter der Mëtt vun den 1950er Joren eng eege Radiosemissioun, a spéider och eng Tëleesemissioun. Ausserdeem huet hien an diverse Filmer matgespillt, meeschtens an enger Gesanksroll.
De Cole huet sech politesch fir d'Rechter vun den Afro-Amerikaner agesat. Hien ass, wéinst villem Fëmmen, u Longekriibs gestuerwen.
Hie war Papp vun dräi Kanner, dorënner d'Sängerin Natalie Cole.
Bekannt vun him interpretéiert Titelen
Its Only a Paper Moon
Straighten Up and Fly Right
Sweet Lorraine
Nature Boy
Mona Lisa
Lush Life
Poinciana
Ramblin' Rose
Unforgettable (och 1991 posthum mat senger Duechter Natalie Cole)
Ken Bloom: The American Songbook - The Singers, the Songwriters, and the Songs - 100 Years of American Popular Music - The Stories of the Creators and Performers. Black Dog & Leventhal, New York 2005.
Leslie Gourse: Nat King Cole Unforgettable. St. Andrä-Wördern, Hannibal, 1993