E Mikroorganismus, och nach Mikrob genannt, ass ass e winzegt Liewewiesen, dat fir de Mënsch mam bloussen Aen net siichtbar ass. Si liewen am Waasser, am Buedem an an der Loft. Och de mënschleche Kierper gëtt vu Millioune Mikrobe bevëlkert.[1]
Verschidde Mikrobe si wichteg fir d'Gesondheet, wärend anerer krank maachen. Mikroben, déi krankheetserreegend sinn, gi pathogen genannt. Déi, déi net krankheetserreegend sinn, ginn apathogen genannt.[2]
D'Mikrobiologie ass d'Wëssenschaft an d'Léier vun de Mikroorganismen.