Share to: share facebook share twitter share wa share telegram print page

Mary Astor

Mary Astor
am Joer 1928
Gebuertsnumm Lucile Vasconcellos Langhanke
Gebuer 3. Mee 1906
Gestuerwen 25. September 1987
Woodland Hills
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Romancier, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Manuel del Campo

Mary Altor, gebuer als Lucile Vasconcellos Langhanke den 3. Mee 1906 zu Quincy, Illinois a gestuerwen de 25. September 1987 zu Woodland Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Autorin.

Si war a méi wéi 150 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn. Vun 1920 un huet si a Stommfilmer matgespillt. Duerno hat si dann och nach Erfolleg am Tounfilm. Zum Schluss vun hirer Karriär ass si vill an TV-Serien an TV-Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer mat hir sinn Dodsworth (1936) vum William Wyler mam Walter Huston a Paul Lukas, The Prisoner of Zenda (1937) vum John Cromwell mam Ronald Colman a Madeleine Carroll, The Hurricane (1937) vum John Ford mam Dorothy Lamour a The Maltese Falcon (1941) vum John Huston mam Humphrey Bogart a Peter Lorre.

Wéinst Krankheet huet si sech no 1964 vum Film zeréckgezunn.

Als Auteur huet si zwou Autobiographien an e puer Romaner geschriwwen.

Filmographie

Stommfilmer (Auswiel)

Tounfilmer

vun 1930 bis 1939

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1964

Auszeechnungen

  • Oscar 1942 als bescht Schauspillerin vun enger Nieweroll am Film The Great Lie

D'Mary Astor als Auteur

  • My Story: An Autobiography (1959)
  • The Incredible Charlie Carewe (1963)
  • The O'Conners (1964)
  • Goodbye Darling, Be Happy (1965)
  • The Image of Kate (1966)
  • A Place Called Saturday (1968)
  • Life On Film (1969)

Um Spaweck

Commons: Mary Astor – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kembali kehalaman sebelumnya