D'Netzwierk gouf am Oktober 2010 vum Kevin Systrom a Mike Krieger fir d'BetribssystemiOS gegrënnt an ass séier populär ginn. No zwee Méint hat Instagram schonn zwou Millioune Benotzer, no engem Joer 10 Milliounen, an am Juni 2018 haten eng Milliard Mënschen e Profil op Instagram.
Facebook Inc., wéi Meta Platforms deemools geheescht huet, huet Instagram am Abrëll 2012 fir eng Milliard US-Dollar opkaaft. Am selwechte Mount gouf eng Android-Versioun lancéiert, an 2016 eng App fir Windows 10.
Obwuel Instagram och fir säi Succès an Afloss bewonnert gëtt, gëtt d'Plattform och fir säin negativen Afloss op d'mental Gesondheet besonnesch bei Jugendleche kritiséiert,[1],[2] a fir presuméiert Zensur[3],[4],[5]