De Prënz Henri war den drëtte Jong vum Kinnek Wëllem II. vun Holland a senger Fra, der Anna Pawlowna, an hat de Spëtznumm "de Séifuerer". Hie war Offizéier vun der hollännescher Marinn.
Nom Doud vu sengem Papp 1849 gouf hien de 5. Februar 1850 vu sengem Brudder Wëllem III. zum Prince-lieutenant vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt. Vun do un huet hien all Joer e puer Méint zu Lëtzebuerg verbruecht, wou hien am Walfer Schlass gewunnt huet. Hie war weiderhin Admiralleitnant vun der hollännescher Flott.
Well de Prënz Henri zum Entstoe vum Nationalbewosstsinn zu Lëtzebuerg bäigedroen huet, gouf hien op verschidden Aart a Weise geéiert:
Am Lëtzebuerger Land hunn 12 Stroossen, Avenuen a Boulevarden den Numm Prince Henri.
Zu Walfer gëtt et de Centre culturel et sportif Prince Henri, de Stade Prince Henri, d'Eech vum Prënz Henri an de Centre Princesse Amélie. Och den Numm vum Walfer Basketballveräin, Résidence Walfer, erënnert un d'Funktioun vum Walfer Schlass am Zesummenhank mam Prënz Henri.
Bohler, Alain, 2020. Un prince intrépide. Bicentenaire de la naissance du prince Henri des Pays-Bas. Die Warte 2020-06-11, N° 53, S. 6-7.
Graas, G., 2020. Ein beliebter Statthalter in unruhigen Zeiten. Vor 200 Jahren wurde Prinz Heinrich der Niederlande geboren. Lëtzebuerger Journal 2020-06-09, S. 15. Cf. journal.lu - 09.06.2020.
Haag, Emil, 2011. Le Prince Henri *1820 †1879, un Luxembourgeois de coeur, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 250-259.
Huberty, Christiane, 2008. Prënz Hary an Amalia. Princesse Henri et Princesse Amélie. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 91-96. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.