De Lloyd gëllt nieft dem Charlie Chaplin an dem Buster Keaton als ee vun den dräi grousse Komiker vum Stommfilm. De Glasses Character - e jonke Mann mat engem Brëll, op der Sich no Succès a Gléck - war déi Filmfigur, déi e berüümt gemaach huet. Markenzeeche vu senge Filmer ware lang Course-poursuiten an akrobatesch Nummeren, dacks op Héichhaiser an enger Héicht, wou engem d'Dronkenellen ausginn. Legendär ass déi Zeen aus Safety Last! wou en um Zär vun enger Auer un engem Wollekekrazert hänkt. De Lloyd huet vill vun de Cascadeurrollen a senge Filmer selwer gemaach.
An den 1930er Joren hat hien nach e puer Tounfilmer gedréint, déi awer net méi un de Succès vu virdrun erukoumen. Hien huet doropshin e puer Filmer produzéiert. 1947 huet hien eng leschte Kéier an engem Film, dem The Sin of Harold Diddlebock d'Haaptroll gespillt, deen awer e Flop am Boxoffice gouf.
1953 krut hien den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.
1947/50: The Sin of Harold Diddlebock / Mad Wednesday
Kompilatiounsfilmer
1962: Harold Lloyd's World of Comedy (och Produzent)
1963: The Funny Side of Life (och Produzent)
Literatur
Adam Reilly: Harold Lloyd. Seine Filme - sein Leben (= Heyne-Bücher 32, Heyne-Film-und-Fernsehbibliothek. Bd. 17). Heyne, München 1980, ISBN 3-453-86017-9.