Gëlle Fra ass de geleefegen Numm vum Monument du souvenir, dat an der Stad Lëtzebuerg op der Constitutiounsplaz steet. Säin Numm geet op eng vergëllte Fraefigur zeréck, déi vum Sculpteur Claus Cito geschaaft gouf, an déi op enger Sail steet. Ursprénglech huet et un déi Lëtzebuerger Fräiwëlleg erënnert, déi an der Friemelegioun op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gefall sinn, spéider gouf et, duerch seng Geschicht, och e Monument géint d'Nazidiktatur, an allgemeng d'Monument, fir u Krichsaffer ze erënneren.
Beschreiwung
D'Monument besteet aus engem Sockel mat zwou männleche Bronzefiguren, wouvun eng do läit a vun der anerer betrauert gëtt, an aus engem 21 m héijen Obelisk aus Granit an enger vergëllter Bronzefigur uewendrop, déi e Lorberkranz mat ausgestreckten Äerm viru sech hält. Si stellt eng personifizéiert Nationalallegorie vu Lëtzebuerg duer an heifir huet de Kënschtler eng Mëschung aus der réimescher Fräiheetsgëttin Libertas an der Jesus-Mamm Maria gewielt. D'Bronzefiguren um Sockel weisen e gefaalene Fräiheetskämpfer an en Trauernden, déi a klassesch antiker Kleedung duergestallt sinn. Um Sockel, op Granitplacken, geet riets vun den 3.000 Lëtzebuerger Legionären an den 2.500 Doudegen an de franséischen Arméien am Éischte Weltkrich[1].
Enger Revelatioun vun 2015 no soll d'Suzanne Marx-Wildschütz, eng Bäckeschfra vun Nidderkäerjeng, déi vis-à-vis vum Claus Cito gewunnt huet, Modell fir d'Figur gestanen hunn. Der klassescher Opfaassung no soll de Cito awer als Virlag fir d'Gëlle Fra de Modell vun engem Kapp benotzt hunn, deen hie schonn circa 1914 fir e Monument zu Bréissel, wou hien deemools gelieft huet, benotzt hätt. D'Identitéit vum deemolege Modell ass jiddefalls net sécher bekannt, d'Spezialiste vum Cito sengem Wierk zweiwelen drun, datt et d'Suzanne Marx hätt kënne sinn a wëllen déi Bréisseler Pist net ausschléissen[2].
Geschicht, Funktioun a Symbolik
De 14. Februar1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënner den 18 Projeten, déi agereecht goufen, gouf d'"Friddenskinnigin" (sou den Numm vum Entworf) vum Claus Cito zeréckgehalen[3]. Finanzéiert gouf et deelweis duerch de Verkaf vun Timberen, déi eng Surtaxe kruten (Timbre du souvenir, 1921 an 1923). De Projet war zimmlech kontroverséiert, well d'Figur mat hirem dënne Kleed, duerch dat hir Brëscht sech däitlech ofgezeechent hunn, deem engem oder aneren ze vill plakeg war. D'Monument dat zu Bréissel vun der Géisserei Compagnie des bronzes gegoss gi war, gouf den 23. Mee1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit.
Den Nazien, déi nom Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee1940, Här a Meeschter waren, war d'Monument vun Ufank un en Dar am A. Den 10. Oktober1940 koum den Uerder, dat "Schandmal", ofzerappen, wat och den 21. Oktober geschouch. Mat enger Dampwalz gouf d'Sail ëmgerappt an ass an 3 Stécker zerbascht[4]. D'Sockelfigure goufe séchergestallt, d'Steng koumen op en Depot vun der Stad. E puer honnert Studenten aus dem Kolléisch, dee just vis-à-vis war, hunn nogekuckt an haart géint d'Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt.
Nom Krich huet den Architekt Victor Engels Pläng entworf, d'Monument erëm opzeriichten, mä ouni d'Gëlle Fra selwer. Dës ass zwar 1955 kuerz (zimmlech delabréiert) an enger Ausstellung iwwer d'Resistenz opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung, zum Cito sengem Verdross, nees "verschwonnen", wat déi, déi am Ufank dogéint waren, wuel ganz gutt arrangéiert huet. Duerch d'Net-méi-do-Sinn vun der Gëlle Fra krut d'Monument (oder wat dovu Rescht war) eng nei Dimensioun. Et huet vun do un och, a virun allem, un d'Nazidiktatur erënnert.
An de 50er-Joere koume Placke bäi, déi un d'Lëtzebuerger fräiwëlleg Zaldoten am Koreakrich erënneren, wat zu enger politescher Kontrovers mat de Kommuniste gefouert huet. Dës an d'Sozialisten hunn doropshin eng weider Gedenkplack fir hir Brigadisten am Spunesche Biergerkrich gefouerdert, wat ëmmer nees mat der Begrënnung ofgeleent gouf, datt dëst keng regulär Zaldote waren an net ausgeschloss ka ginn, datt dës un den Erschéissunge vu Geeschtlechen an Ziviliste bedeelgt waren. Mat enger neier politescher Majoritéit gouf 2021 dunn awer um Sockel vum Monument eng dementspriechend Plack ageweit.
1981, virum Nationalfeierdag, huet de Josy Braun an engem Artikel am Tageblatt ugekënnegt, d'Gëlle Fra wier ënner den ënneschten Träppleke vun enger vun den Tribüne vum Stater Foussballsterrain (dem haitege Stade Josy-Barthel) erëmfonnt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt eng Partie Leit wuel woussten, wou d'Statu verstoppt war, mä et Tabu war, driwwer ze schwätzen. No der Erëm-Entdeckung koum et zu heftegen Diskussiounen, ob d'Monument nees a sengem Originalzoustand opgeriicht sollt ginn oder net. Déi, déi dofir waren hu sech duerchgesat, an et koum zu enger nationaler Souscriptioun, wou Sue gesammelt goufen, fir d'Figur vun der gëllener Fra ze restauréieren an erëm op hirem Sockel opzeriichten. Dat restauréiert Monument ass den 23. Juni1985 ageweit ginn.
Déi staark Symbolik, déi dëst Monument fir en ettlech Leit huet, gouf 2001 bei enger Poleemik däitlech, wéi ënner dem Numm "Lady Rosa of Luxembourg" eng verfriemt Replik vum Monument fir eng begrenzt Zäit, net wäit ewech dovun, opgestallt gouf.
Den 3. Mäerz2010 gouf d'Statu vun der gëllener Fra ofmontéiert, fir, nodeem se restauréiert an eng Géissform dovu gemaach ginn ass, vum 1. Mee bis den 31. Oktober 2010 virum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai ausgestallt ze ginn. Se koum am November zeréck op Lëtzebuerg[6]. Ier se nees op hir al Plaz hannescht koum, gouf se vum 10. Dezember 2010 bis den 23. Januar 2011 zu Nidderkäerjeng, der Gebuertsuertschaft vum Cito, ausgestallt[7]. Bal 37.000 Leit si sech déi Ausstellung ukucke gaangen[8].
Um honnertste Joresdag vum Opriichte vum Monument, gouf de 27. Mee 2023 eng Gedenkzeremonie virum Monument a Presenz vum Groussherzog Henri, dem PremierministerXavier Bettel an anere Perséinlechkeete ofgehalen[9].
Beck, Henri, 1999. Le Monument du Souvenir. ons stad 60: 2-7. PDF
Blasen, Léon, 1985. Die Denkmäler der Stadt Luxemburg: D'Gëlle Fra (Monument du souvenir). Télécran Nr. 5, 2-8.1985, S. 38.
Braun, Josy, 1999. "Méng" Gëlle Fra. ons stad 60: 30-32. PDF
Braun-Breck, Lotty, 1995. Claus Cito und seine Zeit. 1882-1965. Imprimerie Saint Paul, Lëtzebuerg.
Clesse, René, 1999. "Wir wollen heut' der Helden denken...". Die Geschichte eines Monuments im Spiegel der Presse. ons stad 60: 19-20. PDF
Dostert, Paul, 1999. Die Zerstörung der Gëlle Fra am 21. Oktober 1940. ons stad 60: 16-18. PDF
Gengler, Gaston, Guy May, Aloyse Raths a Lex Roth, 1985. Eis Gëlle Fra. Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg. 80 S. (Broschür ouni Publikatiounsdatum. Well d'Broschür bei Geleeënheet vun der Aweiung vun 1985 verdeelt gouf, ass unzehuelen, datt se 1985 erauskoum).
Graaff, Laurent, 2010. "'Hatte da einen echten Scoop'". Interview mam Josy Braun an der Revue Nr. 9 (2010) vum 3.3.2010, S. 16-18. (De Josy Braun erzielt wéi hien 1981 vun der Existenz vun der Gëlle Fra informéiert gouf a se selwer ënner de Gradine vum Stade Josy-Barthel gesinn huet).
Link, Henri, 1999. Timbere fir d'Gëlle Fra. ons stad 60: 8. PDF
Schartz, Nadine, 2018. Goldener Schutzengel. Vor 95 Jahren wurde die Gëlle Fra auf der Place de la Constitution eingeweiht. am Luxemburger Wort vum 26. Mee 2018, S. 28-29
Thill, M., 2023. Die "Gëlle Fra"", bis heute ein heißes Thema. Vor hundert Jahren wurde das "Monument du Souvenir" eingeweiht."Die Warte 16|2759 vum 25. Mee 2023, S. 2-7.
↑A Wierklechkeet louch déi Zuel éischter ëm déi 1000; cf. Yves Staus: "Spurensuche. Luxemburger Soldaten im Ersten Weltkrieg." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.51/52, 19. Dezember 2014, S.23.
↑De Sculpteur Jean Mich hat nëmmen den zweete Präis gemaach an huet du Lëtzebuerg verlooss. Cf. Moia 1995: 201 an der Literatur.
↑Dobäi muss d'Gëlle Fra no hanne gefall sinn, soudatt si mat der Récksäit vun hirem Kapp op d'Plaz opgeschloen ass an de Kapp sou verbéit gouf, datt en elo no ënne kuckt. Am Original huet d'Figur riicht eraus gekuckt a Richtung Horizont, wat op eelere Biller vun der Inauguratioun ze gesi war, déi am Wanter 2010-2011 an der Ausstellung zu Nidderkäerjeng gewise goufen.