Hie war vun 1994 bis 2011 am Gemengerot vun der Gemeng Munzen an och Buergermeeschter, an huet d'Intresse vun der Gemeng Munzen an de Gemengesyndikater SICLER (President), SIVOUR (President), Parc naturel de l'Our (President) a SYVICOL (Vizepresident) vertrueden. Hie presidéiert zanter 1994 d'Leader-Aktiounsgrupp Cliärref-Veianen, e Verband vu Gemengen a Veräiner fir d'Entwécklung vum ländleche Raum.
No de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf den Emile Eicher Buergermeeschter vun der fusionéierter Gemeng Klierf. Zanter dem 7. Mee 2012 ass hie President vum Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises)[2].
Als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 koum et zu enger Koalitioun vun der Biergerlëst an der CSV. Den Emile Eicher gouf dobäi Éischte Schäffen ënnert dem neie Buergermeeschter Georges Keipes.[3]
Den Emile Eicher huet als Staatsbeamten an der Stad Lëtzebuerg geschafft bis hien an d'Chamber nogeréckelt ass. Hien ass bestuet, Papp vun 3 Kanner a wunnt zu Maarnech.