D'Demokratesch Partei gouf 1828 gegrënnt. Domat ass si déi eelst politesch Partei, déi nach existéiert. Bis haut waren am Ganze 15 Demokrate President vun den USA; deen éischte war den Andrew Jackson (1829-1837) an de rezentsten ass den aktuelle President Joe Biden zënter 2021.
Zënter den 1930er Joren ass d'Partei eng Plattform fir Mëtt-lénks a lénksliberal Iddien an ënnerstëtzt eng Ekonomie mixte a sozial Gerechtegkeet. Der Partei hir Ideologie vu "modernem amerikanesche Liberalismus" promouvéiert sozial a wirtschaftlech Gläichberechtegung an de Wuelfaartsstaat. D'Ekonomie mixte soll duerch Regierungsinterventiounen a Wirtschaftsregulatiounen duerchgesat ginn. Interventioune wéi eng universell Gesondheetsversuergung, Gewerkschaften, sozial Programmer, Chancëgläichheet, Konsumenteschutz an Ëmweltschutz bilden d'Basis vun den Demokraten hirer Wirtschaftspolitik.
Am 20. Joerhonnert hat d'Partei nach e konservative Wirtschaftsfligel, deen an de grousse Stied baséiert war, an e populisteschen Agrarfligel aus dem Süde vum Land. De Wirtschaftsfligel ass no 1932 erläscht an d'südlech Populiste sinn no 1980 an d'Republikanesch Partei gaangen. Haut sinn déi meescht gewielt Deputéiert vun der Demokratescher Partei Progressisten an Zentristen.
Dat traditionellt (mä inoffiziellt) Maskottche vun der Partei ass en Iesel.