Déi dräi Anlage stinn an hiwwelegem, schuelefërmegen Terrain, fir Stéierungen duerch Radiofrequenzen ze miniméieren. Déi strateegesch Plazen – d'Statioune si jee ronn 120° oder en Drëttel vum Äerdëmfang vuneneen ewech – erméiglechen trotz der Äerdrotatioun déi konstant Iwwerwaachung vu Satellitten. All Statioun huet nieft klengen Antennen op d'mannst eng 26-m-, zwou 34-m- an eng 70-m-Antenn.
Déi éischt grouss Aufgabe fir d'Deep Space Statioune vun der NASA waren d'Kommunikatioun mat interplanetare Raumsonde wéi de Mariner- a Pioneer-Programm souwéi mat Voyager 1 a Voyager 2.