De Constant Wagner, gebuer den 1. Januar 1941 zu Téiteng, a gestuerwen den 21. Oktober 2007 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sportschéisser an Olympionik.[1]
Hien huet fir Lëtzebuerg un den Olympesche Summerspiller 1992 zu Barcelona deelgeholl a koum an der Loftpistoul (10 m) op déi 35. Plaz.[2]
De Constant Wagner ass den eeleste Lëtzebuerger dee bis elo Lëtzebuerg op enger Olympiad vertrueden huet.
Kuckt och
Referenzen
- ↑ Portrait vum Constant Wagner op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' www.olympiens.lu
- ↑ Resultater vum Constant Wagner op der Olympiad 1992 op der Websäit sports-reference.com