De Charles Sowa, gebuer de 15. Abrëll 1933 zu Schëffleng, an och do gestuerwen de 7. Juli 2013[1], war e lëtzebuergesche Sportler, spezialiséiert am athleetesche Goen.
Hien ass de Papp vum Marco Sowa deen och am athleetesche Goen un enger Olympiad (1988) deelgeholl huet.
Resultater am Sport
Hien huet véiermol un den olympesche Summerspiller deelgeholl, all Kéier op der Distanz vun 20 a 50 km:
Op der laanger Distanz huet en zweemol säi bescht Resultat zustan bruecht. 1964 zu Tokyo ass e vu 34 Athleeten den néngte ginn an 1972 zu München war hien den zéngte vu 36 Athleeten, obwuel en du schonn 39 Joer al an duerch eng Bronchite geschwächt war.
Hien ass an där Zäitspan och bei den Europameeschterschafte véiermol un den Depart gaangen, zu Athen ass en dobäi 1969 de siwente ginn.
Véiermol, an de Joren 1964, 1967, 1971 an 1972, ass hien zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt ginn.
Aktivitéite fir de Sport
Ënner der Presidentschaft vum Norbert Haupert vun 1973 bis 1979 war de Charles Sowa Sportdirekter vum Liichtathleetikverband, spéider ënner dem Mil Jung huet en Initiativen ergraff fir d'Liichtathleetik bei de Fraen ze fërderen.
Vun 1988 bis 1994 war hie President vun der Escher Fola.
Quellen
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 9. Juli 2013, S.39