Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz . Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Baikalséi
Land
Russland Verwaltungseenheet
Burjatien Länner um Uwänner
Russland , Mongolei Fläch
31.722 km² Héicht. i. M.
455,5 m Baseng
Jenissei-Baseng Zoufloss
Selenga, Bargusin, Iewescht Angara, Babkha, Bezymyannaya Ausfloss
Angara
De Baikalséi ((ru) о́зеро Байка́л osero Baikal , Burjatesch Байгал Bajgal ) ass e Séi a Sibirien , am asiateschen Deel vu Russland . E läit an de Südsibiresche Bierger , op der Grenz tëscht dem Oblast Irkutsk am Westen an Norden an der Republik Burjatien am Osten a Süden . Ronderëm leie Biergketten, dorënner d'Baikalbierger , d'Bargusinbierger an d'Ulan-Burgassy-Bierger .
De Baikalséi huet eng Fläch vun 31.722 km² an ass mat 1.642 m[ 1] den déifsten, mat méi wéi 25 Millioune Joer den eelsten an och mat 23.615,39 km³ Volume de waasserräichste Séisswaasserséi op der Äerd [ 2] .
Den Numm Baikal kënnt vum Mongoleschen „Baïgal “ (Natur).
Zanter 1996 zielt d'Baikal-Regioun zum UNESCO-Weltierwen .
336 Flëss an eng Abberzuel Baache lafen an de Baikalséi, déi gréisst dovu sinn déi Idewescht Angara , d'Selenga an de Bargusin . Säin Offloss, d'Angara , leeft iwwer de Jenisséi an d'Karamier vum Polarmier .
Am Baikalséi sinn 22 gréisser Inselen, wouvun Olchon mat enger Fläch vu 730 km² déi gréisst ass.
Sonnenuntergang auf dem See
Ënner den Uertschafte ronderëm de Séi sinn:
Eng Zweedrëttel vun de ronn 1.500 Déieren- an 1.000 Planzenaarte sinn emndeemesch .
Den Asteroid vun der bannenzeger Haaptasteroidenceinture (2776) Baikal ass nom Séi genannt.
Literatur
Tatjana Wassiljewna Kuschtewskaja: Der Baikal. Geschichte und Geschichten rund um den Baikalsee . Wostok, Berlin 2009. ISBN 978-3-932916-36-6 .
Bodo Thöns: Den Baikalsee entdecken: die blaue Perle Sibiriens . Trescher, Berlin 2004; 2., aktualisierte Auflage 2007, ISBN 978-3-89794-100-7 .
Heike Mall, Roger Just: Baikal. See und Region. Reisehandbuch . Reise-Know-How, Bielefeld 2005; 2., aktualisierte Auflage 2007, ISBN 978-3-8317-1546-6 .
Klaus Bednarz: Ballade vom Baikalsee Europa, München/Wien 1998, ISBN 3-203-75504-1 .
Sylvain Tesson: In den Wäldern Sibiriens. Tagebuch aus der Einsamkeit. Btb, München 2016, 3. Auflage, ISBN 978-3-442-71343-1 .
Um Spaweck
Referenzen an Notten
↑ op der déifster Plaz, déi 1983 vum Leonid Kolotilo entdeckt gouf
↑ (fr) UNESCO Centre du patrimoine mondial , Lac Baïkal . UNESCO Centre du patrimoine mondial . Gekuckt de(n) 2023-12-03.