An en ettleche Schrëtt hat d'NASA Technike gepréift, déi fir eng Moundlandung wichteg soll sinn, wéi z. B. d'Navigéieren an d'Koppelen am Weltraum oder d'Verloosse vun engem Raumschëff am Raumkostüm. Vill wichteg Tester goufen an der Virbereedung am Gemini-Programm duerchgefouert. Déi éischt bemannte Moundlandung selwer war den 20. Juli1969. No fënnef weidere Landunge gouf mam Programm 1972, och aus Käschtegrënn, opgehalen. Zanter där Zäit huet bis haut kee Mënsch méi de Mound betratt.
Pläng
Den eigentleche NASA-Plang hat siwe Missioune bis zur éischter bemannter Moundlandung virgesinn. Dat waren d'Missiounen A bis G:
Mission B: Onbemannten Test vun der Moundlandefär (LM fir Lunar Module) (getest Apollo 5).
Missioun C: Bemannten Test vum Apollo-Raumschëff am Äerdorbit (getest mat Apollo 7).
Missioun D: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdnoen Orbit (ufanks mat Apollo 8 virgesinn, als Apollo 9 nei nummeréiert, well ee Moundfluch (Missioun C') als Apollo 8 derbäi gesat gouf).
Missioun E: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdwäitem Orbit (Missioun gouf gestrach, d'Crew hat d'Missioun C' iwwerholl).
Missioun F: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär op engem Moundorbit (getest mat Apollo 10).
Missioun G: Éischt Landung um Mound mat Apollo 11.
Déi éischt Moundëmkreesung mat Apollo 8 op Chrëschtdag1968, war vun der NASA eigentlech net virgesinn a gouf mat der Bezeechnung Missioun C' tëscht d'Missiounen C an D agesat.
Zousätzlech goufen d'Missiounen H, I a J geplangt:
Missioun H: Landung um dem Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter (gemaach mat Apollo 12 an Apollo 14. Apollo 13 net erfollegräich; Apollo 15 war ufanks och mat der H-Missioun virgesinn).
Missioun I: Bemannt Flich op enger Moundëmlafbunn fir Fuerschungszwecker; keng Landung virgesinn. Konkreet Pläng fir I-Missioune gouf et net.
Den Apollo-Programm hat 25 Milliarden Dollar kascht, ongeféier 120 Milliarden no haitege Moossstief,[1] an et ware bis zu 400.000 Mënschen dru beschäftegt.
Wettlaf vun de Systemer
Duerch de Start vum Sputnik 1 am Joer 1957, der éischter onbemannter haarder Moundlandung 1959 vun der Lunik-2 an dem éischte bemannte Raumfluch vum Juri Gagarin1961 war d'Sowjetunioun ufanks vum Raumfaartzäitalter zu enger féierender Raumfaartnatioun opgestigen. D'Amerikaner hunn no engem Gebitt an der Raumfaart gesicht, wou si d'Sowjetunioun schloe konnten. Déi bemannt Moundlandung gouf dofir als Méiglechkeet ugesinn.
De 25. Mee1961, nëmmen annerhallwe Mount nom Start vum Juri Gagarin, sot de President John F. Kennedy virum amerikanesche Kongress an enger berüümter Ried, datt nach am selwechte Joerzéngt e Mënsch op de Mound an nees zeréck fléie wäert.
De [[27. ]Januar]] 1967 war wärend engem Buedemtest op dem Startdësch bei renger Sauerstoffatmosphär an der Kabinn Feier ausgebrach, dobäi koumen déi dräi Astronauten ëm d'Liewen. Zu hiren Éiere gouf den Test als Missioun Apollo 1 klassifizéiert.
Éischte bemannte Start vun der Saturn V an éischte Fluch vu Mënschen op de Mound, dee si zéngmol ëmkreest hunn. Well si keng Moundfär haten, hat den Anders d'Aufgab vum Bordingenieur a Fotograf iwwerholl.
Explosioun vun engem Sauerstofftank am Service Modul (SM) & Leck an der baussenzeger Ëmmantelung vum SMs, Ofbroch vun der Missionu, Kabinn vum Landing Modul (LM) hat der Crew zäitweileg als “Rettungsboot” gedéngt - keng Moundlandung geplangt Landeplaz: Fra Mauro
Kuerz no der erfollegräicher Moundlandung vun Apollo 11 hat d'NASA de weidere Plang publizéiert, dee bis Enn 1972 néng weider Apolloflich viraus gesinn hat. Awe schonn am Januar 1970, nach virun der Pann vun Apollo 13, gouf Apollo 20 aus Käschtegrënn gestrach. Am September 1970 gouf och déi ursprénglech Apollo-15-Missioun an d'Apollo 19 agespuert. Déi net aus dem Programm gestrache Missioune Apollo 16, Apollo 17 an Apollo 18 goufen durno an Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17 ëmgenannt.
Déi nach nom Ofschloss vun de Moundflich stockéiert Apollo-Raumschëffer a Saturnrakéite goufe fir d'Skylab-Projet 1973/74 an d'Apollo-Sojus-Test-Projet1975 benotzt.
Missioun
Start
Landung
Dauer
Crew (CDR=Kommandant, CMP=Pilot vum Apollo-Raumschëff, SCI=Wëssenschaftsastronaut, DMP=Pilot vum Dockingmodul)