Hien huet zu der Grupp vun Offizéier gehéiert déi 1952 de Kinnek Faruk I. vun Egypte gestierzt hunn. Ënner dem Nasser hat hie verschidden héich Regierungsplazen a gouf 1969 Vizepresident a schliisslech nom Doud vum Nasser 1970 deem säin Nofollger.
Hien ass ënner anerem doduerch bekannt ginn, datt hien 1978, zesumme mam Menachem Begin, de Friddensnobelpräis kritt huet, fir hir Efforte am Friddensprozess mat Israel.