Anette Olzon
Gebuer
21. Juni 1971 Katrineholm Nationalitéit
Schweden Aktivitéit
Sänger , Lidderschreiwer Member vun
Alyson Avenue, Nightwish, The Dark Element
D'Anette Olzon , gebuer den 21. Juni 1971 als Anette Blyckert , zu Katrineholm a Schweden , ass eng schweedesch Musekerin a Sängerin vun der finnescher Metal symphonic Grupp Nightwish .[ 1] .
Éier si bei Nightwish koum huet se bei schweedescher Grupp Alyson Avenue gesongen.
D'Anette Olzon huet schonn als Kand Hautbois gespillt, a Museksstage gemaach. Vun 13 Joer un huet si bei verschiddene Museksconcoursen op der Televisioun matgemaach, an huet duerno Musek um Conservatoire vu Kopenhagen studéiert.
Mat 17 Joer ass si bei d'Cover Band Take Cover komm, a mat 21 huet si d'Haaptroll an der Rock-Oper Gränsland gesongen. Mat dem Michael Borrmann , Ex-Sänger vun Jaded Heart huet si am Duo, an deem sengem Album Conspiracy gesongen.
Vun 1999 bis 2007 war si du bei Alyson Avenue , a vun 2007 u séngt si bei Nightwish .
Discographie
Studiosalbumen
Singelen
Duo
Um Spaweck
Referenzen
↑ Profil op der Säit vun Nightwish Archivéiert de(n) 2009-11-25. Gekuckt de(n) 2008-11-14.